Iwwer Sue schwätzen, wier zu Lëtzebuerg nach ëmmer een Tabu-Thema a vill Betraffener géifen sech réischt ganz spéit Hëllef sichen, esou de Christian Wagener, Responsabel fir d’Preventioun bei der Ligue Médico-Sociale.
Dobäi géif et dann ëmmer méi schwéier ginn, aus der Scholdespiral nees eraus ze kommen.
Der Ligue médico-sociale no wier d’Zuel u concernéierte Leit, déi sech trauen, iwwer hir Situatioun ze schwätzen, an de leschte Jore geklommen.
Jee no Prekaritéit ginn et verschidden Optiounen
D'Haaptursaache fir eng Iwwerschëldung bleiwen ënner anerem Aarbechtsverloscht, Scheedung oder Krankheet. D’Servicer bidden an éischter Linn eng Berodung un, esou de Christian Wagener vun der Ligue Médico-Sociale. Si géifen de Leit virop mol nolauschteren.
"Et hëlleft oft schonn de Leit, wa se op den éischte Rendez-vous bei eis kommen a kënnen eng Kéier fräi vun der Liewer schwätzen, wat d'Problemer sinn."
Et hätt een d'Méiglechkeet mat de Leit ee Budget auszeschaffen, fir sech besser ze organiséieren.
"Mir kënne kucke fir mat de Creancieren Arrangementer auszehandelen, zum Beispill fir hir Scholde vu Mount zu Mount auszebezuelen."
Fir ganz prekär Fäll géif et och e Gesetz vum Surendettement ginn.
"Fir de Leit e Règlement collective de dette unzebidden. Wou een dann an engem Kader encadréiert mat engem Accompagnement social, mat enger Gestioun ka versichen aus senger Situatioun erauszekommen.”
D’Semaine du Surendettement leeft nach bis e Freiden.
An deem Kader hu mir mat enger concernéierter Persoun geschwat. Lauschtert a liest hei dee Reportage.