Weider wier d'Terrororganisatioun bereet, een Accord ëm e Waffestëllstand vu 5 Joer mat Israel ofzeschléissen. Dat huet e Vertrieder vun der Terrororganisatioun der AFP matgedeelt, just viru Gespréicher tëscht den ägypteschen a kataresche Mediateuren zu Kairo. Ob dës Propos fir e méi laange Waffestëllstand vun der Hamas selwer oder vun de Mediateure kënnt, ass nach net kloer.
De 17. Abrëll hat d'Hamas nach eng Propos vun Israel refuséiert, an där e Waffestëllstand vu 45 Deeg an d'Befreiung vun 10 liewege Geisel virgesi war. Dëst ënner dem Argument, datt ee keng partiell Léisung wéilt.
Hamas soll Waffen opginn, esou Israel
D'Hamasbeweegung fuerdert e globalen Accord mat engem komplette Stopp vun de Feindseelegkeeten, engem Réckzoch vun den israeeleschen Truppen aus der Gazasträif, dem Echange vun de Geisel a palästinenseschen Detenuen. Wichteg wier och, datt déi humanitär Hëllef nees an d'Gazasträif kann erantransportéiert ginn.
Israel wëllt op där anerer Säit, datt d'Hamas an all aner arméiert Gruppen an der Gazasträif hir Waffen ofginn. Eppes, wat d'Hamas awer kategoresch refuséiert.
Israel wëllt dann awer och natierlech de Retour vun alle Geiselen. Zënter dem Ufank vum Konflikt tëscht Israel an der Gazasträif wieren 51.500 Palästinenser gestuerwen. De 7. Oktober 2023 ware beim Massaker 1.218 Mënschen op israeelescher Säit ëm d'Liewe komm.