Radioen

On air

Grousse Kino  |  Prett fir en Tierchen?

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liewensmëttelreserven an der Gazasträif sinn opgebraucht 

Welternärungsprogramm vun der UN

Liewensmëttelreserven an der Gazasträif sinn opgebraucht 

An der Gazasträif sinn all Liewensmëttelreserven opgebraucht. Wéi de Welternärungsprogramm vun de Vereenten Natioune matdeelt, wieren haut um Freideg déi lescht Liewensmëttel an der Gazasträif verdeelt ginn. Zënter ugangs Mäerz blockéiert Israel d’Liwwerunge vun humanitären Hëllefsgidder.

auto_stories

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Dem Welternärungsprogramm no wieren eng 116.000 Tonnen u Liewensmëttel, mat deenen ee ronn 1 Millioun Persoune wärend 4 Deeg ernäre kéint, net wäit vun der Gazasträif blockéiert, an en attente fir an den Territoire eranzekommen.