arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaftsministère annoncéiert: Hausse vun iwwert 20 Cent bei de Spritpräisser

National

|
headphones

1 min

Wirtschaftsministère annoncéiert: Hausse vun iwwert 20 Cent bei de Spritpräisser

De Wirtschaftsministère kënnegt eng zolidd Hausse bei de Spritpräisser un. Beim Diesel a beim Heizungsmasutt ass et eng Hausse vun iwwer 20 Cent de Liter. Den Diesel gëtt 21,1 Cent um Liter méi deier a kascht vu Mëtternuecht un 1,696 Euro de Liter. Den Heizungsmasutt gëtt 22,3 Cent méi deier.

headphones

1 min

© picture alliance / dpa | Horst Galuschka
(Foto: picture alliance / dpa | Horst Galuschka)

Och déi aner Zorte Masutt ginn ëm iwwer 20 Cent an d‘Luucht. Beim 98er Oktan ass et eng Hausse vun 3,1 Cent. Domat kritt och Lëtzebuerg d'Auswierkunge vum Krich op den Iran ze spieren. Grad wéi an aneren europäesche Länner, an Däitschland ass den Diesel op iwwer 2 Euro de Liter haut geklomm, dat fir d‘éischte Kéier zënter 2022. 

Hormus-Passage ass blockéiert 

Hannergrond vun de Präishaussen ass ënnert aneren d'Blockade vun der Hormus-Passage. D'Mieresstrooss ass ee wesentleche Schëffspassage tëschent dem Persesche Golf an dem Golf vum Oman. E Fënneftel vum weltwäite Pëtrolstransport hänkt vun där Strooss of