arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Héich Energiepräiser am Bausecteur: Schwéier fir seriö Offeren u Clienten ze maachen

Logement

|
reading time

4 min

Héich Energiepräiser am Bausecteur: Schwéier fir seriö Offeren u Clienten ze maachen

Déi méi héich Energiepräisser wéinst dem Krich am Noen Oste féieren och zu méi héije Präisser fir d'Produktioun a fir den Transport vu Baumaterialien.

reading time

4 min

Well d’Präisser nach ëmmer relativ volatil sinn, wier et awer schwiereg eng global Ausso ze maachen, zu wéi vill Prozent sech dat op Bauprojeten auswierkt, esou am 100,7-Interview de Vizepresident vun der Handwierkerkammer an Direkter vun der Bauentreprise Poeckes, de Paul Nathan. 

Kloer wier schonn, datt dee méi héijen Dieselpräis dozou féiert, datt den Asaz vu Baggeren a Camione méi deier gëtt. Och déi méi héich Käschte fir d’Material géifen de Bauentreprisë wéidinn, seet de Paul Nathan.

Eng Offer vun haut ka muer schonn net méi aktuell sinn

Dobäi géif et virun allem ëm d’Präisser vun deene Produkter goen, déi aus Pëtrol hiergestallt ginn, wéi Ofdichtungs- an Isolatiounsmaterial. Verschidde Materialie géife gläichzäiteg méi knapp ginn, z. B. Kanalisatiounsréier aus Plastik.

"Dat krut mir schonn ugedeit. Do muss een och ganz transparent sinn a kucken da mam Client Alternativen ze fannen. Ech menge mir hunn och nach ee Producteur zu Lëtzebuerg, dee Bëtong produzéiert an do kann ee relativ séier am Moment nach auswäichen."

Méi knappt a méi deiert Material am Bausecteur féiert dozou, datt et méi schwiereg gëtt, de Clienten eng seriö Offer op Basis vun enger Baucalculatioun kënnen ze maachen, bedauert de Paul Nathan.

"Dat heescht, eng Offer, déi ech haut maachen, ka muer schonn net méi gutt sinn."

Fir keng Verloschter ze maachen, géifen d’Bauentreprisen déi méi héich Materialkäschte bei neie Verträg mat berechnen. An deem Kontext weist de Vizepresident vun der Handwierkerkammer drop hin, datt vill Entreprisë fräiwëlleg opgehalen hunn, dat nieft där méi héijer Zuel u Faillitten am Bausecteur an der Vergaangenheet.

"Natierlech geet de Risiko vu Faillitten elo an d'Luucht, wann d'Materialkäschten an och d'Lounkäschten, well déi hänke jo indexbaséiert och drun, elo steigen."

Eng gewëss Dynamik ass nees do 

D'Betriber géife riskéieren zu engem gewëssene Punkt op de Käschte sëtzen ze bleiwen an net duerch Marge kënnen ze kompenséieren.

"Dat ass e Risiko, dee gëtt et. Elo kann ech awer och net soen, wéi vill do vun der eegener Tresorerie, vun de Reserven nach ka kompenséiert ginn. Dat wier Spekulatioun." 

Positiv wier, datt Staat a Gemengen erëm méi Bauprojete géifen ausschreiwen, esou de Paul Nathan.

"Zweetens, mierke mir och mat Bezuch op de Logement, datt de Mesurëpak, dee vun der Regierung, deen d'lescht Joer am Juni ausgelaf ass, trotzdeem nach ëmmer zum Deel seng Friichten dréit an datt déi Marchéen zu enger gewëssener Dynamik geféiert hunn an datt mir do eeben amgaange sinn, déi nach ze exekutéieren. A mir hoffen, datt mir d'Talfaart, soen ech elo mol, déi mir déi lescht zwee Joren erlieft hunn, elo iwwerstanen hunn." 

Vun der Regierung wënscht de Paul Nathan sech - onofhängeg vun der aktueller Kris - datt d'Marché-publice revisabel sollen ausgeschriwwe ginn. 

"Dat heescht mat enger Präisrevisioun, souwéi och an anere Länner, datt ee kann eeben déi Haussen, déi ee wärend der Exekutioun erlieft a fir déi een null Impakt huet oder näischt dofir kann, datt een déi ka reklaméieren um Schluss vun engem Chantier."

De Paul Nathan ass net der Meenung, datt de Logement direkt soll Deel vun der Tripartite sinn, déi den 12. Mee ufänkt. Et wier awer wichteg, an dëser Tripartite ee "faktuelle Constat" ze maachen, zur Kompetitivitéit an zur Rentabilitéit vun den Entreprisen.

Op Basis dovu sollen da geziilte Moossnamen definéiert ginn, fir d’Land méi resilient opzestellen.

De Bausecteur géif zënter 2022 eng "déif konjunkturell Kris" duerchliewen, hat et iwwerdeems op enger Pressekonferenz bei der Chambre des Métiers geheescht.