arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Holland zitt sech aus dem Eurovisioun Song Contest zeréck, well deen net neutral wier

ESC

|
reading time

1 min

Holland zitt sech aus dem Eurovisioun Song Contest zeréck, well deen net neutral wier

Holland ass deemno bei der nächster Editioun vum Eurovision Song Contest net derbäi, gouf haut offiziell zu Den Haag matgedeelt. D'Begrënnung ass, datt den ESC net neutral wier.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Jens Büttner
(Foto: picture alliance/dpa | Jens Büttner)

Déi international Konflikter géifen ëmmer méi Afloss op de Songcontest huelen an den Eurovision Song Contest wier zu enger Plattform ginn, déi spléckt. 

Déi lescht Editioun hate jo e puer Länner boykottéiert fir géint d'Participatioun vun Israel ze protestéieren.