arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100,7-Informatiounen: No Expertis riskéiert Dr. Wilmes Agrement am HRS ze verléieren

Affär Wilmes

|
headphones

1 min

100,7-Informatiounen: No Expertis riskéiert Dr. Wilmes Agrement am HRS ze verléieren

D’Hôpitaux Robert Schuman wëllen dem Dr. Philippe Wilmes den Agrement definitiv ofhuelen. Den Dokter Wilmes hätt dat mëndlech, mee nach net schrëftlech matgedeelt kritt, confirméiere méi Sourcen, déi mat der Matière vertraut sinn, mee zu dësem Moment net wëlle mam Numm genannt ginn.

headphones

1 min

Neien Ament an der Affär Wilmes: D’Spidol HRS huet eisen Informatiounen no an de leschte Wochen eng Expertis duerchféiere gelooss fir d’Reprochë géint den Dokter Wilmes ze iwwerpréiwen. De Chirurg kritt vun aneren Doktere virgeheit, gesond Kräizbänner operéiert ze hunn. Den Dokter Wilmes dementéiert dat. 

Wéinst de Virwërf ass de Philippe Wilmes den 20. Januar vu sengem Spidol an den 22. Januar vum Gesondheetsministère temporär suspendéiert ginn. Hien dierf zënterhier nach Patiente consultéieren, awer net méi operéieren. Wann hien elo vun den Hôpitaux Robert Schuman den Agrement ofgeholl kritt, dierf hie guer net méi am Spidol schaffen. 

Am Nomëtteg koum d'Bestätegung vun den Hôpitaux Robert Schuman, datt den Dr. Wilmes wäert säin Agrement verléieren an d'Zesummenaarbecht gestoppt gouf.