arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Hott an har Beem planze bréngt näischt" - Firwat Stied méi wéi just Gréngs brauchen

Hëtztresilient Stied

|
reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow

"Hott an har Beem planze bréngt näischt" - Firwat Stied méi wéi just Gréngs brauchen

Wärend enger Hëtztwell ass et virun allem an de Stied waarm. Ganz waarm. Fir deem entgéintzewierke sollen déi urban Raim méi gréng ginn: Beem, Planzen, Hecken: Dat killt of a bitt Schiet. Mee d'Begréngung ass just een Deel vun der Léisung.

reading time

4 min

headphones

14 min

play_arrow
De Lex Faber | © Jo Diseviscourt
De Lex Faber (Foto: Jo Diseviscourt)

De Beruff vum Amenageur an Urbanist kéint an Zukunft vill gefrot sinn, schliisslech mussen eis Stied ëmmer méi hëtztresistent ginn. Eng wichteg Roll spillt dobäi déi stättesch Planung.

Lëtzebuergesch Stied net esou schlecht opgestallt

Op enger Skala vun 0 bis 10 géing de Lex Faber d’Hëtzt-Resilienz vun de Stied zu Lëtzebuerg als 5 beschreiwen. Hien ass de President vun der AULa, dem Gruppement vun den Amenageuren an Urbanisten.

“Den Zoustand vun de Stied ass net esou schlecht. Vill Stied hu wéinst dem historesche Kontext e Grondnetz vu Gréngs opweises.”

Allerdéngs misst ee sech elo d’Fro stellen, wéi et an den nächste Jore virugoe soll, fir datt d’Stied och an Zukunft besser mat der Hëtzt eens kënne ginn. An deem Kontext géinge sech och effektiv vill Gedanke gemaach ginn, seet de Lex Faber am 100,7-Interview.

Gréng a blo Infrastruktur

Mee, esou den Urbanist, Begréngung ass just een Deel vun der Léisung. Dobäi kommen d’Versigelung an d’Gestioun vum Reewaasser.

“Déi gréng a blo Infrastruktur muss een zesummen denken. Dat ass bëssen en neie Moment. Mir musse vun der klassescher Reewaassergestioun a punktueller Begréngung op eppes iwwergoen, wou déi dräi Theemen zesummegekuckt ginn. Also och konsequent entsigelen.”

D’Reewaasser kéint beispillsweis méi laang am urbane Raum gehale ginn. Esou gëtt et filtréiert a kann d’Planze bewässeren. De Lex Faber betount awer, datt een och mam Reewaasser net dolaanscht kënnt, d’Planzen an enger Stad ze nätzen.

Diversitéit bei de Beem kann e Virdeel sinn

Sinn eis eenheemesch Beem iwwerhaapt nach gëeegent? Bräicht et net elo Planzen, déi mat manner Waasser auskommen? De Lex Faber mengt, datt ee Fall fir Fall kucke misst.

“Wat ass de Kontext vum Bam, de Standuert? Ass et eng vill befuere Strooss, e vill versigelte Raum? Huet e Plaz fir ze wuessen? Da musse mir spezifesch Beem raussichen.”

Generell wier Diversitéit bei de Beem e Virdeel. Wann eng Zort zum Beispill vun engem Schädling befall ass, stierwen net direkt all d’Beem of.

Och d'Gemenge si gefrot

Fir an Zukunft besser opgestallt ze si misste sech d’Gemengen elo eng Grondfro stellen, mengt de Lex Faber: Wéi kann een dat, wat elo gebaut gëtt, vun Ufank u richteg upaken?

Dobäi spillen dräi Voleten eng wichteg Roll: Gutt Konditioune fir Plantatioune schafen, bei urbane Reamenagementer Verbesserunge virhuelen, an drëttens méi geziilt aktiv gi bei spezifesche Problemer.

“De Problem vun der Iwwerhëtzung, d’Loftqualitéit, Potential fir d’Biodiversitéit ze fërderen. Do iwwerall kann eng Approche wéi e Begréngungskonzept eng Plus value sinn.”

Méi Gréngs jo, mee och wann et op Käschte vum Auto geet?

Méi Gréngs an de Stied fanne vill Leit gutt. Soubal dofir awer den Auto manner Plaz kritt, ginn déi kritesch Stëmmen haart.

“Am stättesche Kontext kann dat net zur Laascht vun de Foussgänger oder Vëlosfuerer falen.”

Et wier awer och wouer, datt de Besoin u Parkplazen an d’Sécherheetsuspréch reell Argumenter géint méi Gréngs sinn. 

“Et kann een net iwwerall alles maachen”, seet den Urbanist. “Hott an har Beem planzen” géing dofir och kee Sënn maachen.”

Vill Projete leien op Äis

Bei de Promoteuren a Gemenge kéint een och schonn een Ëmdenke feststellen. Grouss Projeten, déi vun ëffentlechen Acteure realiséiert ginn, wieren zum Deel scho gutt geplangt, mengt de Lex Faber.

Et géingen doriwwer eraus och ëmmer méi dacks spezifesch Etüde gemaach ginn, wéi een zum Beispill Hëtztinselen evitéiere kann.

“Och déi bioklimatesch Approche gëtt gekuckt. Wéi kann ech Gebaier esou bauen, datt se net iwwerhëtzen, mee awer och de Rescht vum Joer gutt belëftbar sinn.”

Wéinst der Kris am Bausecteur géingen awer vill Projeten op Äis leien. Dat wier vläicht e gudde Moment, déi Projeten nach emol nozebesseren, seet de Lex Faber.

Obligatiounen amplaz Reglementatiounen?

Aktuell gëtt d’Politik meeschtens just Recommandatiounen. Ob Obligatiounen de richtege Wee sinn, dat zweifelt de Lex Faber allerdéngs un.

Fir hien ass et virun allem wichteg, datt aner Reglementatiounen engem net am Wee stinn.

Iwwerdeems wier d’Berodung zu deem ganzen Theema nach ausbaufäeg.

play_arrow Lauschteren