Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
search

/ Hurrikan Helene: Millioune Leit am Südoste vun den USA sinn ouni Stroum

Iwwer 60 Leit si bis elo gestuerwen

Hurrikan Helene: Millioune Leit am Südoste vun den USA sinn ouni Stroum

De Bilan vum Hurrikan Helene ass am Südoste vun den USA op iwwer 60 Doudeger geklommen. Millioune Leit hu kee Stroum méi. Am schlëmmste betraff sinn d‘US-Staate Florida, Georgia, Tennessee a Carolina.

auto_stories

1 min

© U.S. Forest Service
Foto: U.S. Forest Service

D‘Rettungsequippen si nach ëmmer am gaange mat Booter, Helikopteren a grousse Gefierer Leit ze retten, déi am Héichwaasser blockéiert sinn. Dorënner 50 Mataarbechter a Patienten an enger iwwerschwemmter Klinik am Staat Tennessee.

De Stuerm hat virgëschter d‘Land erreecht als Hurrikan vun der zweetstäerkster Kategorie 4. Et war ee vun de stäerkste Stierm jeemools an den USA. De Stuerm gouf elo méi schwaach, mee bléift den Autoritéiten no geféierlech, wéinst staarkem Reen an dem Risiko vun Tornadoen.