Radioen

On air

Benny Brown Show  |  Benny Brown Show

play_arrow Live
search

/ Ierfgroussherzog Guillaume huet den Eed ofgeluecht

Fir d'Funktioun vum Lieutenant-Representant

Ierfgroussherzog Guillaume huet den Eed ofgeluecht

Den Ierfgroussherzog Guillaume huet de Mëtteg an der Chamber den Eed ofgeluecht, fir d’Funktioun als “Lieutenant-Representant vum Grand-Duc” z’iwwerhuelen. Doduerch kann de Grand-Duc Henri sengem eelste Jong Aufgaben iwwerdroen a sech vun him vertriede loossen. De Grand-Duc Henri bleift de Staatschef.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Carole Schimmer

Déi feierlech “Cérémonie de Lieutenance” de Mëtteg war an zwou Etappen: déi éischt am Palais, an déi zweet Etapp war an der Chamber. 

Et war déi éischte Kéier, datt ee Lieutenant-Representant säin Eed an der Chamber ofgeluecht huet.

D’Traditioun vun engem “doucen Iwwergang” vun de Pouvoiren un der Spëtzt vum Land, géif vun engem Règne zum nächste weidergoen, esou de Mëtteg de Chamberpresident Claude Wiseler.

Mir sinn iwwerzeegt, datt Dir, Monseigneur, Äre Papp, de Grand-Duc ganz gutt bei senge wichtegen Aufgaben ënnerstëtze wäert.“

Virun der Vereedegung an der Chamber, haten de Grand-Duc Henri an de Premier Luc Frieden niewendrun am Palais den Arrêté grand-ducal ënnerschriwwen, fir d’Nominatioun vum Guillaume als Lieutenant-Representant. Domat kann de Guillaume all d‘Attributiounen, déi de Grand-Duc duerch d‘Verfassung huet, och selwer ausüben. Dat huet de Luc Frieden a senger Ried erkläert. 

Et wäert also keen ëffentlecht oder geheimt Dokument ginn, dat d’Attributiounen an d’Aufgabe limitéiert oder detailléiert oplëschte géif.“

Déi nei Funktioun géif et dem Guillaume erlaben, zum Beispill Gesetzer oder Arrêtéen z’ënnerschreiwen, huet de Premier preziséiert.

"Staarkt Zeeche vu Vertrauen"

D’Lieutenance, déi haut ufänkt, wier ee “staarkt Zeeche vu Vertrauen”, vun engem Staatschef sengem Nofollger géintiwwer, huet de Guillaume a senger Ried am Palais betount.

Ech si ganz houfreg, onse Staatschef vun haut un nach méi bei sengen Aufgaben z’ënnerstëtzen, an ech verspriechen him, mäi Bescht ze ginn, fir déi nei Aufgaben z’erfëllen.“

Net gewosst ass och, fir wéi laang de Guillaume de Stellvertrieder vu sengem Papp wäert sinn. Ouni Iwwerraschung bleift den Datum vum Trounwiessel och nom Dag vun haut geheim. Eisen Informatiounen no, gëtt op den Oktober 2025 higeschafft.

No der Vereedegungszeremonie, huet den neie Lieutenant-Representant Guillaume virun der Chamber d’Leit begréisst, déi fir d’Evenement vun haut op de Krautmaart komm waren. Zënter hallwer fënnef ass eng Receptioun am Palais.

Lauschterenplay_arrow