search

/ Infirmière- an Infirmiers-Associatioun kritiséiert geplangte Reform vum Beruff

Gesetzesprojet

|
reading time

1 min

Infirmière- an Infirmiers-Associatioun kritiséiert geplangte Reform vum Beruff

D‘Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren Anil huet e ganz kriteschen Avis iwwer den neie Gesetzesprojet iwwer d‘Reform vum Infirmiersberuff ofginn. An engem Communiqué heescht et, datt dat geplangte Gesetz "absolut guer näischt" géif moderniséieren. 

reading time

1 min

Infirmière (Symbolbild) | © picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales
Infirmière (Symbolbild) (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jose Luis Torales)

D‘Populatioun hei am Land wier nach ëmmer ënner-soignéiert an den Infirmiersberuff wier nach ëmmer de selwechten, wéi d‘lescht Joerhonnert.

D‘Verbesserunge wiere reng Kosmetik. Déi Proposen, déi d‘Anil (Association Nationale des Infirmières et Infirmiers du Luxembourg) an den Aarbechtsgruppen agereecht hätt, wieren net zeréckbehale ginn.

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem géif heimat riskéieren, weider an engem urale legale Kader blockéiert ze bleiwen.

D‘Anil rifft d‘Deputéiert op, den Text nach emol ze iwwerschaffen an op déi Professionell vum Terrain ze lauschteren.