arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Inflatioum am Grëff: EZB léisst Leetzëns onverännert

Eurozon

|
headphones

1 min

Inflatioum am Grëff: EZB léisst Leetzëns onverännert

D‘Europäesch Zentralbank huet, wéi erwaart, d‘Leetzënsen an der Eurozon onverännert bei 2 Prozent gelooss. Dat ass elo fir d‘5. Kéier hannereneen, datt d‘EZB d‘Leetzënsen onberéiert léisst.

headphones

1 min

EZB | © picture alliance/dpa | Boris Roessler
EZB (Foto: picture alliance/dpa | Boris Roessler)

Bis Juni d‘lescht Joer gouf et eng ganz Serie vu Baissen. Am Fréijoer 2024 nach war de Lettzëns an den Eurolänner mat 4 Prozent duebel sou héich, wéi elo.

Wéi d‘EZB zu Frankfurt matdeelt, wier d‘Inflatioun am Grëff, déi war jo nom Ufank vum russesche Krich an der Ukrain 2022 staark an d‘Luucht gaangen.