Radioen

On air

Notturno  |  MaMaMa - Message À Toi-Même

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Romain Bausch: Previsioune falen "erstaunlech gutt" aus

Staatsfinanzen

Romain Bausch: Previsioune falen "erstaunlech gutt" aus

Dat wirtschaftlecht Ëmfeld wier zwar weider onsécher an dofir net gënschteg fir eng oppen Ekonomie wéi Lëtzebuerg, mee d'Previsioune fir d'Staatsfinanze wieren och dës Kéier däitlech besser wéi nach virun e puer Méint, esou de Romain Bausch, President vum Conseil national des finances am 100,7-Interview. 

auto_stories

2 min

headphones

14 min

play_arrow
Foto: Archiv

De Conseil national des finances huet gëschter um Dënschdeg hir Analys vum Budget 2025 an de mëttelfristege Previsioune bis 2028 virgestallt. Et wier schonn erstaunlech, wéi vill besser d'Previsiounen elo ausfalen, huet de Romain Bausch betount. 

"Wann een elo no vir kuckt op déi ganz Period 25-28, déi hei ofgedeckt ass, ass een an der järlecher Moyenne praktesch annerhallef Milliard méi héich, wéi dat viru sechs, siwe Méint nach geduecht war."

Dëst wier schonn eng "krass Ännerung vun der Aschätzung", awer natierlech am positive Sënn, esou nach de Romain Bausch. Et kéint een och vun enger staarker Sousestimatioun schwätzen.

Gëtt bewosst getäuscht?

Kéint den Androck entstoen, datt bewosst getäuscht gëtt, fir datt d'Regierung herno ka mat Reserven optrompen? Fir de Romain Bausch geet et éischter dorëm fir sécherzestellen, datt mat de Sue keng "Dommheeten" ugefaange ginn. Eng Approche, déi hien als net schlecht empfënnt.

"Mir wëssen alleguerten, wat fir Erausfuerderungen op eis zoukommen, sief dat mam Vieillissement vun der Bevëlkerung, also all déi Finanzéierunge bei der Sécurité sociale an dem Pensiounsregimm, mee och Logement, Defense, Mobilitéit, Klimawiessel."

Et wier also elo de Moment, fir déi Suen "als eng Mouk" unzeleeën, esou de Romain Bausch.

Lauschterenplay_arrow