Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Gobocop

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ACEL: Urechne vun de Studiejore fir d'Pensioun soll bäibehale ginn

Héichschoul

ACEL: Urechne vun de Studiejore fir d'Pensioun soll bäibehale ginn

Den Gianni di Paoli ass neie President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studentencercelen. Gëschter, op Stiefesdag, hat d‘ACEL hir traditionell Generalversammlung. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Kimon Leners.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Foto: Morgane Weidig

An der ACEL sinn eng 40 Studentencercelen affiliéiert. D‘Generalversammlung huet an hirer Generalversammlung och e puer neier opgeholl. Dorënner de Cercle vun den Lëtzebuerger Studenten a Portugal. Dobäi kommen nach dräi fachspezifesch Cerclen.

D‘ACEl ass eng vun deenen Organisatiounen, déi am Kontext vun der geplangter Pensiounsreform vun der zoustänneger Ministesch gehéiert goufen. D‘Patronatssäit fuerdert, datt d‘Urechne vun de Studiejoren, fir d‘Pensioun, sollt ofgeschaaft ginn. D‘ACEl gesäit dat anescht. Et wier eng gutt Méiglechkeet, engersäits de Studium ze valoriséieren. Et géif och de Standuert Lëtzebuerg attraktiv ze halen, well et d‘Leit kéint motivéieren, nom Studium zeréck op Lëtzebuerg ze kommen. 

Sträiche vum "Of Science" Zousaz gouf net genuch kommunizéiert

Siwe Bachelor-Studiegäng op der Uni Lëtzebuerg krute vun dëser Rentrée un den Zousaz “Of Science” gestrach, well en am Gesetz net virgesi war. Iwwert dee Changement hätt den Educatiounsministère net genuch am Viraus kommunizéiert, kritiséiert den Gianni di Paoli. Fir déi concernéiert Studente kéint de Changement en negativen Impakt op hir zukünfteg Studien hunn. Den Gianni di Paoli huet de Bachelor an der Psychologie als Beispill genannt, fir deen an Däitschland d’Distinctioun gemaach gëtt, tëscht engem Bachelor of Science an of Arts.

"Do gëtt ënnerscheet, ob ee méi eng wëssenschaftlech Approche huet oder e bësse méi eng praktesch Approche huet. Dat heescht, do ginn et da Master of Sciences, wou ee just zougelooss gëtt, wann ee e Bachelor of Science gemaach huet."

Zwar kéint een Zousazdokumenter ausstelle loossen, iwwer d‘Coursen déi ee gemaach huet. Trotzdeem, wiere verschidde Studentinnen a Studente benodeelegt.

D‘ACEL wier schonn a Gespréicher mat de Studentinnen a Studenten. Et wier och eng Entrevue mat der zoustänneger Ministesch virgesinn, fir ze kucken, wou Konflikter kënne vermeit ginn.

Lauschterenplay_arrow