Radioen

On air

Tockcity  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi soll d'Lëtzebuerger Ekonomie sech weiderentwéckelen?

Debatt an der Chamber

Wéi soll d'Lëtzebuerger Ekonomie sech weiderentwéckelen?

Wéi soll d'Lëtzebuerger Ekonomie sech an den nächste Joerzéngte weider entwéckelen an no wéi engem Prinzip? Dat war eng vun de Froen, déi de fréiere Wirtschaftsminister an aktuellen LSAP-Deputéierte Franz Fayot an enger Debatt an der Chamber opgeworf huet.

auto_stories

1 min

Foto: Flickr-Account vun der Chamber

Hien hat als Minister mat der Strategie ECO 2050 d'Zil gesat d'Wirtschaft méi resilient ze maachen, andeems se méi gëtt, schounend mat Ressourcen ëmgeet a manner ofhängeg vum Wuesstum ass.

D'Iddi eng laangfristeg Strategie ze hu wier net falsch, mee Wuesstum wier weiderhin néideg, betount den CSV-Deputéierte Laurent Mosar. Et misst en nohaltege Wuesstum sinn, deen och d'Ëmwelt an d'Natur respektéiert, genee wéi déi sozial Rechter vun de Salariéen, esou den CSV-Deputéierten.

"Ech verwiere mech dofir och géint esou Theorië vun déi vun der Decroissance, negative Wuesstum, well ouni Wuesstum, léif Kolleeginnen a Kolleegen, kann eng Gesellschaft net evoluéieren, kann een och net dee Sozialmodell, dee mer am Moment hunn, iwwerhaapt weiderféieren."

Lauschterenplay_arrow