Radioen

On air

Notturno  |  Juan Wauters - Nube Negra Feat. Y La Bamba

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Raymond Becker: "Russland ass eng beherrschbar Gefor"

Ouschtermarsch

Raymond Becker: "Russland ass eng beherrschbar Gefor"

Um Samschdeg virun Ouschterdag ass wéi all Joers den Ouschtermarsch. De Matgrënner vun der Friddens- a Solidaritéitsplattform Raymond Becker mécht am 100,7-Interview an deem Kontext a wéinst der aktueller geopolitescher Situatioun den Opruff un d'Lëtzebuerger Regierung eng rational Sécherheetspolitik ze maachen.

auto_stories

1 min

headphones

15 min

Raymond Becker | © Michelle Barthel play_arrow
Raymond Becker (Foto: Michelle Barthel)

De Raymond Becker huet kloer Erwaardungen un d'Lëtzebuerger Politik: Et misst ee faktebaséiert diskutéieren.

“Et soll ee kucken, dass ee selwer eng ganz kloer Verdeedegungsbereetschaft huet. Ech betoune Verdeedegungsbereetschaft. Et geet net dorëm d'NATO iergendwann eng Kéier am Pazifik anzesetzen, wat elo am Beräich vun der Méiglechkeet ass. Et geet dorëm eng seriö Verdeedegungsbereetschaft ze hunn. Russland ass fir mech am Moment eng beherrschbar Gefor.”

Iwwerdeems fënnt de Raymond Becker et net an der Rei, datt "iergendwellech Militärhistoriker" dovu géife schwätzen, datt dëse Summer dee leschte Summer a Fridde wier.

Lauschterenplay_arrow