Radioen

On air

Notturno  |  Townes Van Zandt - For The Sake Of The Song

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Präis vum Kakao erreecht neie Rekord

Deiere Schockela op Ouschteren

Präis vum Kakao erreecht neie Rekord

Akutell ass de Präis vum Kakao esou héich wéi nach ni. Eng Tonn Kakao kascht aktuell 6.800 Euro. Eleng d‘lescht Joer goung et vun 1.700 op dee Präis erop. Wiederkatastrophen an de Klimawandel féieren dozou, datt d’Recolten zënter e puer Joer ëmmer méi schlecht ausfalen.

auto_stories

1 min

Schockela | © picture alliance/dpa | Thomas Frey
Schockela (Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey)

Dat virun allem an Afrika wou nach ëmmer de Gros vum Kakao, nämlech 40 Prozent vum weltwäite Bedarf, produzéiert gëtt.

Datt de Schockela am Supermarché méi deier gëtt, läit awer och un der Aart a Weis wéi déi grouss international Hiersteller funktionéieren, seet den Tom Oberweis, Vertrieder vun den Zockerbäcker vun der Confédératioun vum Liewensmëttelhandwierk.

Déi grouss Produzenten haten eigentlech grouss Stocken ugeluecht vun deene se gelieft hunn. D‘Präishausse vum Kakao huet awer vill méi laang gedauert, wéi dës Stocke gehalen hunn an dofir hunn d‘Produzenten de Kakao dunn awer iergendwann misste méi deier kafen an de Schockela an der Suite méi deier verkafen.