D'Neesaféiere vum obligatoresche Militärdéngscht wier iwwerdeems eng politesch Decisioun. Aktuell gëtt jo doriwwer nogeduecht.
Hie gëtt ze bedenken, datt d’Arméi aktuell net opgestallt wier, fir esou en obligatoreschen Déngscht iwwerhaapt kënnen anzeféieren. Och am Gespréich mat Arméischeffen aus Länner, déi u Russland grenzen, notamment déi baltesch Länner, géif ervir kommen, datt et net zilféierend wier, "alles obligatoresch ze maachen".
"Well do, wou et obligatoresch ass, do ass et och esou, wann Exercicer gemaach ginn, datt dann heiansdo Leit net kommen an da ginn Excusë virgeschoben, firwat datt een net do ass."
Déi beschten Aart e Weis wier et, datt d‘Populatioun gesäit ëm wat et geet, a fräiwëlleg bereet ass, hire Bäitrag ze leeschten, esou de Steve Thull.