Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
search

/ Blanche Weber: Aktuell Reform vum Naturschutzgesetz verletzt EU-Recht

Ëmwelt a Klimaschutz

Blanche Weber: Aktuell Reform vum Naturschutzgesetz verletzt EU-Recht

De Mouvement écologique iwwerleet aktuell fir op EU-Niveau géint déi aktuell Reform vum Naturschutzgesetz virzegoen, seet d'Blanche Weber am 100,7-Interview. Dat wat elo um Dësch läit géif géint d'EU-Recht verletzen.

auto_stories

2 min

headphones

14 min

Blanche Weber | © Jo Diseviscourt play_arrow
Blanche Weber (Foto: Jo Diseviscourt)

Um Kongress vum Mouvement Écologique, Mëttwochowend, huet d'Presidentin Blanche Weber gefuerdert, datt d‘Regierung hir Verantwortung misst iwwerhuelen, fir géint d'Klimakris virzegoen, an d'Biodiversitéit ze schützen. Klima- a Biodiversitéitsschutz wier och Friddenspolitik. De "pragmatesche Klimaschutz" géif net duergoen.

Et wier och "geckeg" wichteg Acquisen, wéi d'Begréngung an den Uertschaften, nees a Fro ze stellen, seet d'Blanche Weber. Dat hätt an der aktueller Situatioun vun der Klimakris vill negativ Konsequenzen. Och fir Lëtzebuerg.

"Oder wann zwou Milliounen Aarte stierwen, et sinn der och zu Lëtzebuerg: De Spatz kënnt op déi Rout Lëscht. De Spatz. Da musse mir och zu Lëtzebuerg handelen."

D’Blanche Weber kritiséiert d'Kommunikatioun vum Ëmweltministère par rapport zu den Acteuren um Terrain. D’Regierung sollt bis Juni e soziale Klimaplang op d’Been stellen, woubäi déi concernéiert ONGen awer net genuch consultéiert gi wieren, esou d’Kritik um Ëmweltministère. "Et huet keen an dësem Land d'Wouerecht gepacht". seet si. Den Austausch a Perspektivewiessel grad ewéi déi verschidde Bléckwénkel misste beliicht ginn. 

Oekozenter hält mat Berodung fir Entreprisen op

Enn vum Joer wäert iwwerdeems den Oekozenter mat engem Deel vun den Aktivitéiten ophalen. Ënner anerem mat der Aarbecht an der Ëmweltberodung fir Entreprisen. Datt hu Vertrieder:inne vum Oekozenter um Kongress vum Mouvement Écologique annoncéiert. Et wiere genuch aner Akteueren do, déi déi Aufgab maachen, sot den Théid Faber, President vum Verwaltungsrot vum Oekozenter.

D'Blanche Weber huet dat am 100,7-Interview confirméiert, 2 bis 3 Persounen wieren dovunner betraff.

Lauschterenplay_arrow