Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Dora Jar - Cannonball

play_arrow Live
search

/ Israel huet elo eng Buedemoffensiv am Süde vum Libanon ugefaangen

Noen Osten

Israel huet elo eng Buedemoffensiv am Süde vum Libanon ugefaangen

Et hätt ee mat limitéierten, lokaliséierten a geziilte Buedemattacke géint terroristesch Ziler an Infrastrukture vun der Hisbollah am Süde vum Libanon ugefaangen, huet et geheescht.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich

Dës Ziler wieren an Dierfer no un der Grenz a wieren eng imminent Gefor fir d'Gemengen an Nord-Israel. D'Buedemtruppe géife vun der israeelescher Loftwaff an Artillerie ënnerstëtzt ginn, esou nach déi israeelesch Arméi.

An der libaneesescher Haaptstad Beirut kruten iwwerdeems d'Awunner aus dräi Quartiere vun Israel eng Evakuatiounswarnung: Wéinst imminenten Attacke solle si sech a Sécherheet bréngen. Déi betraffe Quartieren an der südlecher Banlieue vu Beirut gëllen als Héichbuerg vun der Hisbollah-Miliz.

Déi syresch staatlech Televisioun huet da gemellt, datt et hënt och israeelesch Loftugrëffer an der syrescher Haaptstad Damas an der Regioun ronderëm ginn hätt. Dobäi wier eng Journalistin ëm d'Liewe komm.