Radioen

On air

Moiesstudio  |  Serge Wilmes

play_arrow Live
search

/ Israel huet nees Hisbollah-Positiounen zu Beirut ugegraff

Noen Osten

Israel huet nees Hisbollah-Positiounen zu Beirut ugegraff

Viséiert waren nees d‘Quartieren am Süde vu Beirut, déi als Héichbuerg vun der Hisbollah gëllen.

auto_stories

1 min

Israeelesch Attack op Beirut | © picture alliance/dpa | Marwan Naamani
Foto: picture alliance/dpa | Marwan Naamani

Déi libanesesch Presseagence schwätzt vun de gréissten Attacken an deene Quartieren zënter dem Ufank vum Krich virun engem Mount. Et hätt staark Explosioune ginn an am Quartier Laylaki wiere sechs Gebaier zerstéiert ginn. Iwwert méiglech Affer gëtt et bis elo nach keng Informatiounen.

Donateurskonferenz fir de Libanon haut zu Paräis

Zu Paräis ass haut eng international Hëllef-Konferenz fir de Libanon. Beim Treffe soll et ëm Hëllef fir déi libanesesch Zivilpopulatioun goen, esou de franséischen Ausseministère. Un der Konferenz bedeelege sech Ministeren aus de Partnerstaate vum Libanon, der UNO an EU a Vertrieder vun ONGen.