De Spriecher vun der israeelescher Arméi huet sech um Mëtternuecht un d'Bevëlkerung adresséiert: Den Iran hätt géint 11 Auer owes eng Dose Rakéiten op den Norden an op den Zentrum vun Israel geschoss, déi awer, der Arméi no, all ofgewiert goufen. D’Schoule bleiwen haut am ganze Land zou, d’Leit dierfe vun doheem aus schaffen.
D’iranesch Revolutiounsgarde soen, hir Attack wier eng Reaktioun op déi israeelesch Attacke géint d’Hisbollah am Libanon. A si dreeë mat weiderer Eskalatiounen, wann Israel si zeréck ugräife sollt.
Eng Menace, déi Israel offensichtlech net beandrocke konnt. De Moien huet d’israeelesch Arméi eegenen Informatiounen no Rakéiten op den Iran geschoss. Iranesch Staatsmedie beriichte vun Explosiounen an der Haaptstad Teheran a Stied wéi Tebriz an Isfahan.
Friddensverhandlunge schéngen d'Parteien net vu géigesäitegen Attacken ofzehalen
D’Attacke kommen iwwerraschend, vue datt béid Länner sech zënter der Wafferou tëschent dem Iran an den USA net méi ugegraff hunn. Den Accord war Deel vu lafende Friddensverhandlungen tëschent Washington an Teheran.
Dem Donald Trump seng Gedold schéngt strapazéiert
Den US-President Donald Trump gëtt ëmmer méi onzefridde mat der Approche vun Israel. D’lescht Woch huet hie Medieberichter no den israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu um Telefon - Zitat - "fucking crazy" genannt. Der Financial Times no huet den Trump och dës Nuecht versicht den Netanjahu vun enger Géigenattack ofzehalen.
Mee d’israeelesch Regierung steet innepolitesch ënner Drock. D’Land wielt am Hierscht en neit d’Parlament an den Norde vun Israel gëtt ëmmer nach vun der Hisbollah mat Dronen ugegraff. Zënter der Wafferou huet Israel sech ni aus dem Libanon zeréckgezunn an hält ëmmer nach wäit Deeler vun der Grenz besat.