Kuerz virun der Visitt vum NATO-Generalsekretär Mark Rutte zu Washington huet den amerikanesche President Donald Trump nees déi eenzel Memberstaate vun der NATO kritiséiert.
D’Länner géifen net genuch fir d'Allianz maachen an net genuch an d'Verteidegung vun Europa investéieren, esou den Trump.
Hien huet argumentéiert, datt d'USA iwwer Jore vill Sue fir d'Sécherheet vun Europa ausginn hätten. Wéi d'USA d'Europäer gebraucht hätten, wieren déi awer net do gewiescht. Als Beispiller huet den US-President Groussbritannien, Italien an Däitschland genannt.
Véier Aarbechtsgruppen no de Verhandlungen
An der Schwäiz sinn déi technesch Verhandlungen tëschent den USA an dem Iran ofgeschloss. Iranesche Medien no wieren elo véier Aarbechtsgruppen agesat ginn. Do soll iwwer Nuklearfroen, Sanktiounen, de Neesopbau vum Land an déi wirtschaftlech Perspektive vum Iran verhandelt ginn.
Den amerikanesche Vize-President J. D. Vance hat gëschter vun engem zolitten Accord geschwat.
Hien hat dobäi erkläert, datt déi amerikanesch Pëtrolssanktioune géint den Iran fir zwee Méint ausgesat géife ginn.
Vun iranescher Säit gouf iwwerdeems betount, datt den Iran d'Kontroll iwwer d'Strooss vun Hormus wëllt behalen.