arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Israel verhänkt Sanktioune géint d’Spendecampagne vun der Global Sumud Flotilla

Noen Osten

|
reading time

1 min

Israel verhänkt Sanktioune géint d’Spendecampagne vun der Global Sumud Flotilla

Israel huet Sanktioune géint d‘Spendekampagne vun der „Global Sumud Flotilla“ verhaangen. Déi Flotilla mat ronn 100 Schëffer an 1.000 Mënschen u Bord ass am Moment um Wee an d‘Gazasträif a soll de Weekend do ukommen.

reading time

1 min

Den israeeleschen Defenseminister Israël Katz am Pentagon | © EPA/JIM LO SCALZO
Den israeeleschen Defenseminister Israël Katz am Pentagon (Foto: EPA/JIM LO SCALZO)

Den israeeleschen Defenseminister Israel Katz beschëllegt d‘Hamas, mat hanner där Aktioun ze stiechen. Déi islamistesch Organisatioun géif Sue vun der Crowdfunding-Campagne vun der Flotilla fir sech ofzezweigen. Déi Virwërf sinn net nei, wéi déi Sanktiounen ausgesinn a wéi eng Auswierkungen se hunn, ass nach net gewosst.

Déi pro-palestinensesch Aktivistinnen an Aktivisten aus verschiddene Länner, dorënner och vu Lëtzebuerg, probéiere mat dëser Aktioun, déi israeelesch Blockad vun der Gazasträif ze duerchbriechen.