Zwielef Deeg Rou zu Tel Aviv: De Summer fänkt un, d’Leit spille Volleyball op der Plage, sëtzen op der Terrass. D’Fro ass just: Wéi laang nach?
"Mir si prett fir nees an de Krich ze goen", sot de Benjamin Netanjahu schonn den 8. Abrëll.
Zënterhier huet sech de Standpunkt vum israeelesche Premier kaum geännert. Och op enger Pressekonferenz mam argentinesche President Javier Milei, betount hien, datt de Krich nach net eriwwer wier.
USA huet Schëff vum Iran ugegraff
Eigentlech war dës Woch eng zweet Verhandlungsronn tëschent den USA an dem Iran zu Islamabad geplangt. Mee ob déi och stattfënnt ass onkloer.
Den Iran huet hënt op der Staatstëlee ugekënnegt, bis elo net u weideren Negociatiounen deelhuelen ze wëllen. Ënner anerem wéinst "stännege Kontradiktioune vu Washington an déi unhalend Séiblockad."
D’Ouverture vun der Strooss vun Hormus ass eng zentral Fuerderung vun den USA. Nodeems den Iran d’Mieresstrooss awer de Samschdeg nees deelweis gespaart hat, hunn d’USA an der Nuecht fir d’éischte Kéier zanter der Wafferou nees e Schëff vum Iran ugegraff.
Wafferou gëllt bis israeeleschen Dag vun der Onofhängegkeet
No Informatioune vun der Zeitung Wall Street Journal bereet sech d’US-Arméi op weider Attacken op iranesch Schëffer vir.
Den US-President Donald Trump hätt dem Iran en Deal ugebueden. Sollt deen net ugeholl ginn, schreift den Trump op senger Plattform Truth Social, wäerten d’USA all Kraaftwierker an all Brécken am Iran zerstéieren.
Offiziell leeft d’Wafferou nach bis den 22. Abrëll, deen Dag, un deem Israel seng Onofhängegkeet feiert. Wat no dëse Festivitéite geschitt, déi Fro stelle sech hei vill Leit.