arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kee Pandemie-Alarm, mee eng international Warnung wéinst dem Ausbroch vum Ebola-Virus

WHO

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kee Pandemie-Alarm, mee eng international Warnung wéinst dem Ausbroch vum Ebola-Virus

D'Jorestreffe vun der Weltgesondheetsorganisatioun zu Genf fënnt virum Hannergrond vun Hanta- an Ebola-Virus nach bis e Mëttwoch statt. Och déi Lëtzebuerger Gesondheetsministesch Martine Deprez ass op der Plaz.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© EPA/SALVATORE DI NOLFI
(Foto: EPA/SALVATORE DI NOLFI)

Déi 79. Weltgesondheetsversammlung ënner dem Motto “d’global Gesondheet nei definéieren – eng gemeinsam Verantwortung” fënnt an engem schwieregen internationale Kontext statt. 

D’Risike vu Pandemien an Epidemië sinn ee vun de Schwéierpunkten op der Agenda. Wéinst dem Ebola-Ausbroch am Kongo an an Uganda hat d’Weltgesondheetsorganisatioun gëschter eng international Gesondheetsnoutlag ausgeruff.

Aschnëtter bei der Finanzéierung: WHO a schwierger Situatioun

D’WHO ass awer och nach amgaangen d’Konsequenze vum Austrëtt vun den USA a vun Argentinien am leschte Joer ze verdauen. De WHO-Generaldirekter Tedros huet déi aktuell ganz schwiereg Situatioun – net nëmmen duerch Ebola an dem Hantavirus - dann och a senger Ouvertures-Ried ugeschwat.

"Dës zwee sinn nëmmen déi rezentste Krisen an eiser ugespaanter Welt. Vu Konflikter iwwer wirtschaftlech Krise bis hin zum Klimawandel an Hëllefskierzungen: Mir liewen a schwéieren, geféierlechen a gespaltenen Zäiten." 

Och d'WHO wier duerch eng ganz schwéier Period gaangen, esou de Generaldirekter. 

"Wéinst plëtzlechen a massiven Aschnëtter an eiser Finanzéierung." 

Duerch den Austrëtt vun den USA a vun Argentinie sinn der Organisatioun héich finanziell Mëttel verluer gaangen. De Generaldirekter vun der WHO huet vun engem Schock geschwat, et hätt ee vill engagéiert Mataarbechter misste goe loossen.

Pflicht-Contributioune gi schrëttweis erhéicht 

Fir eng stabel a resilient WHO opzebauen, hätt een awer scho vill gemaach an et géif een och weiderhin doru schaffe, esou de WHO-Direkter. Wichteg Transformatiounen hätt een deemno am Beräich vun der Wëssenschaft, dem Noutfallmanagement an der Finanzéierung vun der WHO erreecht.

D’ WHO wier nämlech schonn zënter e puer Joer amgaangen, hiere Finanzéierungsmodell komplett ze iwwerschaffen, huet den Tedros betount. Dëst fir méi flexibel a méi net-zweckgebonne Mëttel zur Verfügung ze hunn.

Bis 2022 hate Pflicht-Contributioune just 20 Prozent vum Gesamtbudget ausgemaach. Dësen Undeel gëtt elo schrëttweis op 50 Prozent erhéicht. Des Weidere gouf eng Stëftung gegrënnt, fir nei Finanzéierungsquellen ze erschléissen.

Fir déi nächst zwee Joer hätt een 90 Prozent vum Budget zesummen, mee et géif schwéier ginn, déi reschtlech 10 Prozent ze mobiliséieren, esou nach de Generaldirekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun.

play_arrow Lauschteren