Radioen

On air

Mëttesrascht  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Indikatioun, datt sech kolumbianesch Drogekarteller zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn

Inneministère

Keng Indikatioun, datt sech kolumbianesch Drogekarteller zu Lëtzebuerg néiergelooss hunn

D'Majoritéit vun den Drogen, déi hei am Land saiséiert ginn, wieren net fir Lëtzebuerg bestëmmt, si sollte just duerch Lëtzebuerg transitéieren. De gréissten Deel vun den Drogen déi bei Stroossekontrolle saiséiert ginn, kéimen aus Holland oder aus der Belsch.

auto_stories

1 min

Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt | © Police Luxembourg
Am Norde vum Land goufen 889 Kilo Kokain fonnt (Foto: Police Luxembourg)

Déi, déi um Fluchhafe fonnt ginn, kéimen aus Drëttlänner. Déi Lëtzebuerger Police an d'Douane géifen do ganz enk mat auslännesche Verwaltungen zesummeschaffen an déi grenziwwerschreidend Kooperatioun géif och nach weider ausgebaut ginn.