Fir d’Petitioun vun der Dara Miranda, eng elengerzéiend Mamm, waren eng 4.800 Ënnerschrëfte gesammelt ginn. Domat war d’Petitioun recevabel. An der Fonction Publique sou wéi am Parastaat kréien d’Matarbechter:innen, nieft dem Kannergeld, eng Primm vun iwwer 600 Euro Brutto de Mount ausbezuelt.
"Kanner vu Staatsbeamten hu méi ze gutt"
D’Petitionärin argumentéiert, et wier et ongerecht, datt nëmme Leit aus dem ëffentleche Secteur esou eng Primm kréichen. Mat hirer Petitioun wéilt d'Dara Miranda sech un éischter Plaz fir déi selwecht Rechter fir d'Kanner asetzen.
"Well ech esou gesinn, datt d'Kanner vu Staatsbeamte, méi zegutt hunn."
Et wier awer am Fall vu sou enger Primm net un de Patronen déi auszebezuelen, esou d'Petitionärin. Sie begrënnt, et wier eng staatlech Initiativ also misst déi Primm och am Privatsecteur vum Staat finanzéiert ginn.
Francine Closener: Dat ass een Avantage vum Staat als Employeur
Dat gesäit d’Presidentin vun der Commissioun, Francine Closener vun der LSAP anescht.
"Dat ass jo am Fong en Avantage, deen de Staat den Employéen an de Fonctionnairë gëtt, als Employeur."
Och am Privatsecteur wier all Patron fräi, esou eng Allocation ze ginn, argumentéiert d'Francine Closener.
Georges Mischo: Elo schonn eng grouss Finanzlaascht fir Patronen
Fir Patrone géif sech d’Ausbezuele vun esou enger Primm als schwéier gestalten. Esou nach den CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo. Schonn elo géif duerch den Index an duerch d'Reevaluatioun vum soziale Mindestloun all zwee Joer, eng grouss Finanzlaascht op d‘Patronen duerkommen. Hie fäert iwwerdeems eng weider Konsequenz vu sou enger Primm am Privatsecteur.
"Datt d'Patronen zécke kéinte Salariéen anzestellen, déi Kanner hunn, mengen ech dat wier eventuell eng Diskriminatioun, well dës zousätzlech zu enger Rei bezuelten extraordinären a war spezielle Congéen och nach d'office méi en héije Salaire misste kréien."
Donieft huet den Aarbechtsminister drop higewisen, datt de Koalitiounsaccord eng Rei Famillje-frëndlech Mesurë virgesäit. Eng Prime de chef de famille, wéi an der Petitioun gefuerdert gëtt, wier net virgesinn.