arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kierchbierg: Ausbau vum Tram geet an eng nei Phas - Zwee nei Tramsarrête bis 2027

National

|
reading time

2 min

Kierchbierg: Ausbau vum Tram geet an eng nei Phas - Zwee nei Tramsarrête bis 2027

D'Aarbechte géif gutt virukommen, wéi den Helge Dorstewitz, Direkter vu Luxtram am Gespréich mam Radio 100,7 erkläert. Bis zur Rentrée 2027 soll den Tram op der zweeter Linn um Kierchbierg fueren. Um Boulevard Konrad Adenauer gëllt elo deelweis e Sens unique an eng Partie Buslinne goufen ëmgeleet.

reading time

2 min

Helge Dorstewitz vu Luxtram | © Pit Beffort
Helge Dorstewitz vu Luxtram (Foto: Pit Beffort)

Geschafft gëtt um ënneschten Deel vum Boulevard Konrad Adenauer, also op dem Deel tëschent der Avenue Kennedy an der rue Ersame, schonn zënter enger Zäitchen. Mee elo geet et un d’Substanz. Mat der Fermeture vun dëser Spuer kéint een an dësem Beräich mam zweeten Deel vun de sougenannte Voiries-Aarbechten ufänken, wéi den Helge Dorstewitz erkläert. 

"Und wir werden jetzt auch dann im Monat Juli, das genaue Datum steht noch nicht fest, dann tatsächlich auch die Weichen in die bestehende Linie 1 einbauen, um dann eben auch auf den Boulevard Konrad Adenauer fahren zu können.

Dëst wier ee ganz wichtege Schrëtt am Ausbau vum Tramsreseau, och wann et ee vu villen bléift, esou de Responsabelen. 

Europaquartier un d'Netz uschléissen

An enger éischter Phas gi fir d’Rentrée 2027 deemno zwee nei Tramsarrête bedéngt, bei der EU-Kommissioun a bei der Europaschoul. Domat géif een den Europaquartier un d’Netz uschléissen, gläichzäiteg kéinten d’Awunner vum Ale Kierchbierg scho vun dësem éischte Streckenofschnëtt profitéieren.

Bis 2030 geet et dann an enger weiderer Phas duerch déi nei Quartiere Kuebebierg a Laangfuer bis bei d’Luxexpo, wou sech de Krees dann erëm schléisst.

Méi Beem an enge Vëlospist

Gebaut gëtt an dësem Beräich vum Kierchbierg awer net nëmmen eng nei Tramsstreck, wéi den Helge Dorstewitz erkläert. De Boulevard Konrad Adenauer soll och urbanistesch opgewäert ginn.

"Wir machen auch auf diesem Teil das Aménagement Fassade à Fassade, das heisst also inklusive Trottoirs, Pistes cyclables, Grünflächen, Bäume, also das Projekt umfasst ja auch grosse Grünflächen, die geschaffen werden auf dem Boulevard Adenauer, viele neue Bäume zusätzlich, also das Ganze wird sehr viel grüner werden, als das jetzt der Fall ist."

Fir den Autostrafic geet de Boulevard Konrad Adenauer no den Aarbechten nees a béide Richtungen op, dëst awer da just nach op jeeweils enger Spuer.

E weidere grousse Projet fir Luxtram dëst Joer ass den neien Tramsschapp op der Cloche d’Or. D’Aarbechten heifir fänken am Summer un.