arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kinnek Charles hält eng Ried virum US-Kongress a betount d'Wichtegkeet vun der NATO

Groussbritannien-USA

|
reading time

1 min

Kinnek Charles hält eng Ried virum US-Kongress a betount d'Wichtegkeet vun der NATO

De brittesche Kinnek Charles III. huet an enger Ried virum US-amerikanesche Kongress déi historesch Partnerschaft tëschent Groussbritannien an den USA ervirgehuewen. Dat zu engem Moment, wou d‘Relatioun tëschent béide Länner ugespaant ass.

reading time

1 min

Kinnek Charles, Donald Trump | © EPA/CRAIG HUDSON / POOL
Kinnek Charles, Donald Trump (Foto: EPA/CRAIG HUDSON / POOL)

De Kinnek Charles gouf dann och e puer politesch Messagen, déi de Meenunge vum President Donald Trump zum Deel widderspriechen. Zum Beispill huet den Charles d‘Bedeitung vun der NATO ervirgehuewen, an datt et essentiel wier, d‘Ukrain weider ze ënnerstëtzen.

Den Donald Trump huet an de leschte Méint d‘NATO kritiséiert an esouguer mat engem Ausstig vun den USA gedreet.

De brittesche Kinnek huet och de Klimawandel an Ëmweltschutz thematiséiert. D‘Natur wier de Mënschen hir wäertvollst Ressource a misst geschützt ginn, sot hien. Den Donald Trump seet, déi vu Mënsche verursaacht Äerderwiermung wier eng Falschinformatioun.

Den Iran huet de Kinnek Charles a senger Ried net erwäänt. Op engem Banquet am Wäissen Haus sot den Donald Trump, d‘USA hätte militäresch géint den Iran gewonnen.