Steelwatch ass nach eng relativ jonk ONG. Si kuckt de Stolproduzente ganz genee op d’Fangeren, wann et drëms geet, d’CO2-Emissiounen ze reduzéieren. D’Stolindustrie ass fir 10 Prozent vun de weltwäiten CO2-Emissiounen zoustänneg.
Leadership vun Europa, mee och a China beweegt sech eppes
D’Sensibilitéit am Secteur wier staark ausgepräägt, seet de Pascal Husting am 100,7-Interview. De Klimaaktivist ass Deel vun der ONG.
D’Motivatioun vun den Entreprisen ass awer net onbedéngt de Klima, mee éischter déi wirtschaftlech Facteuren.
“An der Branche ass kloer, datt de Secteur virun enger Ëmwälzung steet, déi vergläichbar ass mat deem, wéi den Henry Bessemer ageféiert huet, wou et drëms gaangen ass, d’Héichiewen op Touren ze kréien.”
D’Europäer musse bis 2050 klimaneutral ginn. Op anere Plaze gëtt et keen esou een Zil. De Pascal Husting betount, datt Europa an deem Beräich effektiv de Leadership huet. Mee den Accord de Paris ass net méi grad esou attraktiv an déi iewescht Limitt vun der Klimaerwiermung gëtt a Fro gestallt.
"Nei Etüde weisen, datt d’Transitioun zum grénge Stol am gaangen ass sech no Osten ze verlageren. Grad a China, déi fir 50 Prozent vun der globaler Stolproduktioun responsabel sinn, gëtt sech op grénge Stol agestallt.”
Waasserstoff ass d'Zukunft
D’Eisenäerz fräizesetzen ass en immens energieintensive Prozess, deen och fir de Gros vun den CO2-Emissioune verantwortlech ass. Déi sekundär Produktioun, also d’Elektrostolwierker zum Beispill, maache just 25 Prozent vun den Emissiounen aus.
De Pascal Husting erkläert, datt an Zukunft de Kuelestoff duerch Waasserstoff ersat wäert ginn. Déi direkt Reduktioun vum Eisenäerz wier nämlech eng "mature Technologie”, mee d’Viraussetzung ass eeben, datt ee grouss Massen u grénger Energie zur Verfügung huet. Dat wier "de sprangende Punkt".
De Problem ass awer, datt Waasserstoff aktuell nach deier ass. Iwwerhaapt wier den Zäitalter vun der bëlleger Energie eriwwer, mengt de Pascal Husting. D’Fro wier also, wéi een dat Ganzt steiere wéilt.
“Applizéiere mir de Prinzip Pollueur-payeur, wéi Europa et mécht? Mee de Stol gëtt weltwäit gehandelt, da mussen Importer an Europa där selwechter CO2-Bepreisung ausgesat sinn.”
Nei Regioune kéinte profitéieren
Och geographesch steet d’Stolindustrie virun enger Transitioun. Se wäert sech nämlech dohinner beweege mussen, wou grouss Quantitéiten u Waasserstoff zur Verfügung stinn. Datt also déi integral Stolproduktioun - vun der Minn bis bei d’Walz - quasi op engem Site regroupéiert ass, wäert verschwannen.
Dëst géing Regioune wéi Australien, Brasilien, Nordafrika an de Mëttleren Osten op d’Kaart bréngen. Do wier vill Potenzial fir erneierbar Energie hierzestellen, seet de Klimaaktivist.
Observatiounen a Fakten ëmwandelen
Viru Kuerzem huet d’ONG Steelwatch hir éischt Editioun vun enger Energie-Score-Card publizéiert. Do goufen déi 20 gréisst global Stolproduzenten ënner d’Lupp geholl an hir Bereetschaft zur Transitioun evaluéiert.
D’ONG intresséiert sech awer och prezis fir eng Rei vu Stolkonzerner, déi hirer Meenung no e "systematesche Charakter" hunn, erkläert de Pascal Husting. Hir Resultater probéiere si a Fakten ze iwwersetzen, fir déi sech zum Beispill och Politiker:innen interesséieren.
“Mee et ass e komplizéierten industrielle Prozess, e komplizéierten Ecosystem.”
Verhale vun ArcelorMittal: Un de Finanze kann et net leien
Een Acteur, deen ënnersicht gouf, ass ArcelorMittal. Zu Lëtzebuerg huet de globale Stolproduzent just nach Elektroiewen, mee et bleift awer dee gréissten, op Héichiewe baséierte Stolproduzent vun der Welt, mat Aktivitéiten a 14 Länner.
Zwar ass ArcelorMittal just nach fir 3 Prozent vun der weltwäiter Stolproduktioun responsabel, dofir awer fir ee Véierel bannent Europa.
Hire Slogan wat laang Zäit “Smarter Steels for People and Planet”. De Planéit hätte si awer mëttlerweil fale gelooss, seet de Pascal Husting. De Leadership-Usproch vu virun e puer Joer wier verschwonnen an dat aus Grënn, déi nëmme schwéier ze verstoe wieren, kritiséiert de Pascal Husting.
Un de Finanze kann et net leien. ArcelorMittal huet an de leschte 5 Joer insgesamt 12 Milliarden Euro u seng Aktionären ausgeschott an 1,1 Milliarden Euro an d’Klimatransitioun investéiert.
“Bis viru Kuerzem hate si d’Zil an Europa, d’CO2-Intensitéit pro Tonn ëm een Drëttel erofzesetzen. (...) Elo hu si einfach gesot, dat kënne mir net erreechen, beschtefalls minus 10 Prozent bis 2030.”
Och als historesch relevanten Acteur hätt ArcelorMittal eng politesch Responsabilitéit. Datt ee sech elo scheinbar aus allem zeréckzitt ass dem Pascal Husting no "onverständlech".