arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Koalitioun vun de Wëllegen" plangt gemeinsam Militärmanöver

Ukrainkrich

|
reading time

1 min

"Koalitioun vun de Wëllegen" plangt gemeinsam Militärmanöver

D‘Länner, déi d'Ukrain ënnerstëtzen, ginn den nächste Schrëtt: se wëllen zesumme militäresch üben. Dat éischt gemeinsaamt Militärmanöver soll am Hierscht a Pole sinn.

reading time

1 min

© picture alliance/dpa | Alexander Welscher
(Foto: picture alliance/dpa | Alexander Welscher)

Truppen aus Polen, Frankräich a Groussbritannie sollen drun Deel huelen. Dat huet de polnesche Premier Donald Tusk ugekënnegt, nodeems déi sougenannt "Koalitioun vun de Wëllegen" gëschter zu Paräis zesumme war.

Permanent Stationnement vu franséischen a britteschen Truppen a Polen?

D‘Manöver soll d‘Koalitioun op konkreet Sécherheetsgarantië fir d‘Ukrain, mee och fir d‘Regioun virbereeden, esou den Tusk.

De polnesche Verdeedegungsminister sot, hie wier och bereet, datt franséisch a brittesch Truppen eventuell permanent a Pole kéinte stationéiert ginn.