arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Konkreet Prioritéite fir d'Kompetitivitéit ze stäerken - Premier hat gudden Echange

Informelle Sommet

|
headphones

2 min

Konkreet Prioritéite fir d'Kompetitivitéit ze stäerken - Premier hat gudden Echange

Wann Europa sech géintiwwer China an den USA wéilt behaapten, misst een d'Kompetitivitéit nees stäerken. Am 100,7-Interview sot de Premierminister Luc Frieden nom informelle Sommet vu Staats- a Regierungscheffen an der Belsch et hätt een en éischte gudden Echange de vue dozou gehat.

headphones

2 min

© EPA/OLIVIER HOSLET
(Foto: EPA/OLIVIER HOSLET)

Et wiere keng konkreet Decisioune geholl ginn, et hätt ee sech virbereet fir den EU-Sommet vu Mëtt Mäerz. Do sollen d’EU-Memberlänner sech e Kalenner ginn, mat konkreete Prioritéite fir d’Kompetitivitéit an den nächste Joren ze stäerken.

Zu 27 handelen - Dat kann daueren 

D’Lëtzebuerger Industriellefederatioun FEDIL hat zesumme mat iwwer 500 Europäeschen Partnerorganisatioune gefuerdert, datt dat esou séier wéi méiglech misst geschéien.

De Luc Frieden wier och der Meenung, datt een dréngend eppes misst maachen. Dat géif awer mat 27 Memberlänner net esou séier goen. 

"Wa mir eng Rei Saachen erreechen am Joer 2026 an am Joer 2027, dann hu mir scho villes erreecht. Déi Sujete si ganz kloer. Wéi kann een eng administrativ Vereinfachung maachen? Wéi kann een de Bannemaart verdéiwen?" 

Do géifen et eng Rei Barrièrë ginn, déi d'Länner deelweis géife selwer aféieren, fir hir Betriber ze schützen, esou de Premier. 

"Mir brauche méi Fräihandelsaccorden. Dir wësst, wéi schwiereg dat ass fir déi Fräihandelsaccorden duerch d'Parlamenter ze kréien. Mir wëllen oppe Mäert an zugläich wëlle mir, eise Stol zum Beispill, protegéieren. Dat si komplex Sujeten. An duerfir ass et och net anormal, datt dat e bëssen dauert." 

De Premierminister Luc Frieden wéilt sech an den nächsten Deeg och mam däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz treffen, fir iwwer déi ekonomesch Entwécklung an Europa ze schwätzen.