arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwou Techniken een Ziel: Schilaanglaf bei de Fraen

Olympesche Wanterspiller

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zwou Techniken een Ziel: Schilaanglaf bei de Fraen

Um Samschdegmëtteg steet op den Olympesche Wanterspiller zu Mailand a Cortina d’Ampezzo d’Schilaanglaf-Staffel bei de Fraen um Programm. Bei der Staffel wiesselen d’Athleetinnen tëschent der klassescher an der fräier Technik of. Mee wat ass do den Ënnerscheed a wat steet beim Laanglafnach um Spill?

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Schilaanglaf Fraen-Staffel | © EPA/JURE MAKOVEC
Schilaanglaf Fraen-Staffel (Foto: EPA/JURE MAKOVEC)

Iwwer 4 Mol 7,5 Kilometer geet d’Staffel bei de Fraen haut an der Mëttesstonn. An all Ekipp si 4 Athleetinnen, déi jeeweils en Deel vun der Streck lafen a sech dann ofléisen. Bei den olympesche Wanterspiller däerf dann all Land och just eng Ekipp un den Depart schécken. Beim Weltcup ass dat anescht, do däerf ee Land méi Staffele stellen.

Et ass awer net esou wéi wann all Laf fir all Athleetin bei der Staffel d’nämlech wier. Déi éischt zwou Leeferinne mussen nämlech an der klassescher Variant untrieden – déi zwou Lescht an der fräier Technik, déi och Skating genannt gëtt.

Klassesch Technik vs. Skating

Bei der klassescher Technik glëtschen d’Leefer souzesoen duerch scho virgefäerdegt a markéiert Schispueren. Beim Skating ginn et déi virgefäerdegt Spueren net – Do stoussen sech d’Athleete mat säitleche Beweegunge mat de Been of fir weiderzekommen. Als Hëllef kann een do natierlech seng Schibengele benotzen.

Ween elo awer mengt Laanglaf wier just mat de Schi duerch d’Géigend spadséieren deen iert. Nieft der Ausdauer déi ee brauch, gi 600 Muskele gebraucht fir déi richteg Beweegungen auszeféieren. Deemno kënne beim Laanglaf bis zu 95 Prozent vun der Muskulatur aktivéiert ginn.

Favorittinnen an der Course vun haut sinn d’Schweedinnen an d’Norwegerinnen. Mee och d’Amerikanerinne sinn net ze ënnerschätzen a kéinten op de Podium kommen.

 

play_arrow Lauschteren