Déi gutt Nouvelle fir d’Clienten: Elo direkt wäerten d’Ticketspräisser bei der Luxair net klammen, seet de Luxair-Direkter Gilles Feith. Dat huet domat ze dinn, datt d’Luxair hire Kerosin ëmmer bis zu dräi Joer am Viraus akeeft. Fir den Ament ännert sech de Präis also net. Et kéint awer sinn, datt dat net esou bleift.
“Dat heescht, elo fir dat éischt Quartal, dat zweet Quartal, si mir quasi 100 Prozent "gehatched" nennt een dat am Jargon."
Fir déi éischt zwee Trimester hätt een deemno genuch Kerosin op Stock. Am drëtten an am véierten Trimester géifen d'Reserven dann awer erof goen, erkläert de Luxair-Direkter.
Repercussioun op Ticketspräisser
2027 géif dës dann nach eemol weider erof goen, esou de Gilles Feith. Mee et hätt een trotzdeem nach iwwer 50 Prozent op Lager.
2028 wier een da bei knapps 30 Prozent. Dat heescht, wann d'Sprit-Präisser um aktuellen Niveau bleiwen oder nach weider klammen, da misst ee sech och op Präishaussë bei den Fligerticketen astellen, esou de Bilan vum Luxair-Direkter Gilles Feith.
Enn dës Joers wier deemno domat ze rechnen, datt d’Ticketspräiser bei der Luxair klammen, esou de Gilles Feith.
Aner Touristen-Destinatioune profitéieren
Iwwerraschungen, wéi en esou genannten Fuel-Surcharge - also Extrakäschte fir de Kerosin fir d’Clienten - bréichten d’Luxair-Clienten awer net ze fäerten, sot de Gilles Feith nach. Déi Ticketen, déi een zu engem Präis kaf hätt, géifen och zu deem Präis geflu ginn.
D’Flich op Dubai huet d’Luxair bis Oktober ausgesat. Et géif een awer och mierken, datt Leit méi retizent wiere wat Reesen an Ägypten oder d’Tierkei uginn. Déi Angscht wier awer net berechtegt, esou de Gilles Feith. Do dobäi kéim dann och nach d’Präisupassungen an alternativen Destinatiounen.
“Wat mir natierlech och gesinn ass, datt a Griichenland an an anere Länner elo d'Hoteller probéiere massiv aus där Kris do ze profitéieren an d'Präisser relativ sec eropgesat hunn.”
Ob een elo aner Destinatiounen uflitt, well den Dubai-Vol wechfält, géif een den Ament analyséieren, seet de Luxair-Direkter. Wat een awer lo scho gemaach hätt, wier aner Destinatiounen mat méi Kapacitéit unzefléien, esou nach de Gilles Feith.