search

/ Kritik aus der EU: Krichsverbriecher Mladić mat héchsten Éieren zu Belgrad begruewen

Serbien

|
reading time

1 min

Kritik aus der EU: Krichsverbriecher Mladić mat héchsten Éieren zu Belgrad begruewen

Haut gëtt de serbesche Krichsverbriecher Ratko Mladić a sengem Land mat héchsten Éiere begruewen. De fréiere serbesche Generol war de 27. August am internationale Prisong vun Den Haag gestuerwen. Hie war zu enger liewenslaanger Prisongsstrof wéinst Krichsverbriechen am Bosniekrich verurteelt ginn.

reading time

1 min

Eng Fra steet nieft engem Banner vum Ratko Mladić wou "Serbeschen Held" drënner steet | © EPA/ANDREJ CUKIC
Eng Fra steet nieft engem Banner vum Ratko Mladić wou "Serbeschen Held" drënner steet (Foto: EPA/ANDREJ CUKIC)

Dorënner och fir de Massaker vu Srebrenica, bei deem 8.000 Mënschen ëm d‘Liewe komm waren. D‘Regierung zu Belgrad organiséiert fir de Ratko Mladić trotzdeem e Begriefnis mat staatlechen a militäreschen Éieren. Dat och trotz internationaler Kritik.

Och an der EU stéisst d'Begriefnis op Kritik. D'Glorifizéierung vun engem Krichsverbriecher dierft an engem Land, dat an d'EU wëllt kommen, keng Plaz hunn, esou de Porte-Parole vun der EU-Kommissioun zu Bréissel. 

Deel vu serbescher Populatioun gesäit de Mladić als Held

Virun der Kierch, wou de Mladić begruewe gëtt, hu sech de Moien och laang Schlaange forméiert vu Leit, déi de fréiere Generol nach ëmmer als e serbeschen Held gesinn.