Radioen

On air

De Weekend  |  Charles M. Schulz: De Papp vum Charlie Browen, Snoopy a Co.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kritik vun der Hesper Oppositioun: "Mir gi méi gewuer, wa mer an ee Café ginn"

Intransparenz am Hesper Gemengerot

Kritik vun der Hesper Oppositioun: "Mir gi méi gewuer, wa mer an ee Café ginn"

D'Oppositioun am Hesper Gemengerot kritiséiert an engem ëffentleche Bréif, datt de Schäfferot bei engem neie Bedruchsfall net transparent wier. Et geet ëm ee Gemengebeamten deem virgeheit gëtt, iwwer zwee Joer seng Aarbechtszäite manipuléiert ze hunn. Reporter.lu hat dat gemellt. D'Oppositioun fuerdert de Schäfferot elo op, eng Plainte géint ee Gemengebeamten ze maachen.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

© Wikimedia Commons play_arrow
(Foto: Wikimedia Commons)

Konkret geet et bei deem Fall, dee Reporter.lu opgedeckt huet, ëm e fréiere Gemengebeamten, deen zënter Oktober 2018 fir d’Gemeng geschafft huet. Hien hätt am Personalservice Accès zu där Software gehat, mat där d’Aarbechtsstonnen enregistréiert ginn.

Concernéierte gouf an d'Preretraite geschéckt

De Beamte soll dovunner profitéiert a seng Schaffstonne selwer um Computer manipuléiert hunn, heescht et op Reporter.lu. Esou soll hie knapp 145 Stonnen – also bësse méi wéi dräi Wochen – gesammelt hunn, ouni déi Stonnen awer jee geschafft ze hunn.

Wéi aner Mataarbechterinnen a Mataarbechter ugefaangen hätten, déi betraffe Persoun selwer ze kontrolléieren, wier de Bedruch opgeflunn, esou Reporter.lu. Doropshi gouf een Disziplinarverfahren an d’Weeër geleet an de Concernéierte gouf an d’Preretraite gesat.

D’Gemeng kéint awer och zivil eng Plainte géint de Beschëllegten areechen, fir déi falsch ausbezuelte Paien zeréck ze kloen. Ëmmerhi wieren dat ëffentlech Suen, schreift Reporter.lu.

Plainte vun der Oppositioun just mam Accord vum Inneminister méiglech

D’Oppositioun, déi zu Hesper aus déi gréng, der LSAP an dem fréiere Piratemember Mathis Godefroid besteet, hat gefuerdert, datt d'urgence eng Gemengerotssëtzung misst aberuff gi fir iwwer déi Méiglechkeet ofzestëmmen. An hirem Schreiwes heescht et, de Schäfferot hätt dëst awer refuséiert.

De Mathis Godefroid ass der Meenung, d’Gemeng wéilt engem weidere Skandal aus de Féiss goen a geheit dem Schäfferot Intransparenz fir.

“Mir gi méi gewuer, wa mir an e Café ginn oder wa mir an de Restaurant ginn oder bei ee Fussballmatch, wéi am Gemengerot. Do musse mir mëttlerweil iwwerall kucken, fir eis Informatiounen, fir un déi drun ze kommen, well am Gemengerot kréie mir se net.”

Elo fuerdert d’Oppositioun an engem ëffentleche Bréif op en Neits eng ausseruerdentlech Gemengerotssëtzung. Sollt dat net an deenen nächsten zwou Woche geschéien, wéilt d’Oppositioun sech selwer ëm d’Plainte këmmeren. Dem Gemengegesetz no wier dat awer nëmme mam Accord vum Inneminister méiglech.

Den DP-Schäffe Claude Lamberty, dee bis op Weideres de Buergermeeschter Marc Lies a senger Auszäit vertrëtt, hat am Interview mat Reporter.lu gesot, datt et bei all System zu Abuse kéint kommen. Bis ewell war hien op eis Nofro hin net ze areechen.

Lauschterenplay_arrow