arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kuerz virum Kongress: Personalverännerungen am CSV-Generalsekretariat

Partei

|
reading time

1 min

Kuerz virum Kongress: Personalverännerungen am CSV-Generalsekretariat

Um Dag virum CSV-Nationalkongress zu Ettelbréck ass et d’Nouvelle, datt mam Natalie Silva a mam Serge Conrad zwee laangjäreg Mataarbechter:innen d’Generalsekretariat vun der Partei verlooss hunn, respektiv verloossen.

reading time

1 min

v.l.n.r. Marc Spautz, Luc Frieden, Laurent Zeimet | © Carole Schimmer
v.l.n.r. Marc Spautz, Luc Frieden, Laurent Zeimet (Foto: Carole Schimmer)

D’Natalie Silva, fréier Buergermeeschtesch vun der Fiels, ass no bal 20 Joer um Ufank vum Mount an den Inneministère gewiesselt.

100,7-Informatiounen no soll um Freidegmoien am Ministerrot d’Nominatioun vum Serge Conrad am Aarbechtsministère gréng Luucht kréien. Domat géif hien no iwwer 20 Joer op sengem Posten ophalen.

Den CSV-President Luc Frieden huet amplaz dovun de Generalcoordinateur Basile Dell an der Parteizentral installéiert.