ArcelorMittal hat jo iwwer 1.000 Plazen analyséiert, déi eventuell zu Lëtzebuerg kéinten ewech falen. Um Enn sinn et der ronn 300. Den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz seet awer, datt et net zu Entlossunge komme wäert.
"Dat sinn der zwar och 300 ze vill. Mee wat sécher ass, et kënnt net zu Entloossungen, mee déi ginn iwwert d'Preretraite respektiv iwwert d'Prêt temporaire de main d'oeuvre och a verschiddenen aner Verwaltungen, wou se dann en Charge geholl ginn an dann ass et sécher, dass kee seng Plaz verléiert."
Et wier e ganz wichtegen Accord, betount sengersäits de Wirtschaftsminister Lex Delles.
"Fir d'Aktivitéite vun ArcelorMittal net nëmmen ze perenniséieren, mee och weider auszebauen an ofzesécheren iwwert déi nächst Joerzéngte mat ganz héijen Investissementer vun iwwer 300 Milliounen iwwert déi nächst véier Joer vun ArcelorMittal an hir verschidden Infrastrukturen. An op där anerer Säit awer och nei Aktivitéiten, déi wäerten op Lëtzebuerg kommen"
Gewerkschafte, wéi och ArcelorMittal schéngen zefridden
Och d‘Gewerkschafte schwätze vun engem gudde Kompromëss. An dëse schwierege geopoliteschen Zäite wier et net evident gewiescht, en Accord ze fannen, esou de Robert Fornieri vum LCGB. Positiv wier virun allem deen héijen Invest vum Stolkonzern an de nächste véier Joer.
"Il y a des investissements très importants qui sont prévus, notamment le train à Pâle-Planche, il y a un gros projet qui devrait être finalisé, qui va engendrer plusieurs centaines de millions. Et puis il faut pas oublier aussi le site de Biissen, où on a trouvé, un accord stratégique."
Och bei ArcelorMittal gesäit de Pierre Jacobs, CEO vu Long Products Luxembourg, dësen Accord als gudde Kompromëss, am deem och d‘Interête vum Stolkonzern géife respektéiert ginn. Hie kuckt iwwerdeems no vir.
"Soziale Fridden am Allgemengen, an dann zesumme mat de Sozialpartner kucken, wéi mir eis weider gestalte kënne fir déi nächst véier Joer, fir da schlussendlech zu enger stabiller Situatioun ze komme vun der Stolindustrie hei zu Lëtzebuerg."
Haaptsëtz bleift zu Lëtzebuerg
Den Haaptsëtz vun ArcelorMittal soll zu Lëtzebuerg bleiwen. Mat dësem Accord gëtt och de Standuert Lëtzebuerg ofgeséchert, esou d‘Ministeren an d‘Gewerkschaften.