arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protestaktioun fir Buschaufferen: All Terminus soll Toiletten a guddem Zoustand hunn

Aarbecht

|
headphones

1 min

Protestaktioun fir Buschaufferen: All Terminus soll Toiletten a guddem Zoustand hunn

Eng 30 Leit hu sech de Moien bei der Rouder Bréck zesummefonnt fir op de schlechten Accès op Toiletten fir Buschauffeuren opmierksam ze maachen. Den OGBL hat zur Aktioun opgeruff. Deen Accès wier nämlech nach laang net op all Terminus ginn, wat inakzeptabel wier, esou de Sveinn Graas vum OGBL.

headphones

1 min

© Jo Welfringer
(Foto: Jo Welfringer)

Engersäits géifen Toilette fir Buschaufferen op gewëssenen Terminusse guer net existéieren. Oder se wieren an engem schlechten Zoustand.

Op verschiddene Plaze géife just Chauffeure vu bestëmmten Entreprisen Zougang op eng Toilette kréien, esou de Sveinn Gras. 

"Dat ass e Problem, dee mir och scho viru Jore probéiert hunn, mat der Stad unzeschwätzen, wou mir awer ëmmer nees d'Dier och virun der Nues zougeklaakt kruten. Do krute mir ni e Gespréich iergendwéi zesummen. Do war, theoreetesch zumindest, ëmmer de Ministère op eiser Säit."

"Ni eppes geschitt"

De Ministère hätt iwwerdeems ëmmer nees bestätegt, datt si deen Zougang misste kréien, esou de Sveinn Gras. 

"Do ass awer ni eppes geschitt, leider. Dee gréisste Kritikpunkt ass am Fong, datt dann ëmmer nees Verständnis geäussert gëtt, mee et geschitt näischt."

Zënter Jore wier een dowéinst scho mam Mobilitéitsministère a mat de Gemengen am Austausch, seet de Sveinn Gras.

Et géif elo duergoen an et misst endlech gehandelt ginn, esou den Tenor um Protest.