arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Marc Spautz: "Keng Stoltripartite fir de Moment"

Aarbechtswelt

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Marc Spautz: "Keng Stoltripartite fir de Moment"

Fir de Moment wäert keng Stoltripartite aberuff ginn. Dat huet den CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz kloer gestallt. Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo hat esou eng Motioun op den Dësch geluecht, déi gouf allerdéngs vun de Majoritéitsparteien net gestëmmt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Carole Schimmer
(Foto: Carole Schimmer)

Den LSAP-Deputéierten hat virdrun dorun erënnert, datt ArcelorMittal Lëtzebuerg net ausschléisst, datt bis zu engem Drëttel vun den 3.500 Aarbechtsplaze kéinten ofgebaut oder an d’Ausland verlagert ginn.

“An dofir hu mir an enger Motioun vum 12. Februar gefrot, datt d'urgence eng Stoltripartite aberuff sollt ginn, fir Weeër ze sichen, fir den Emploi an eiser Stolindustrie, deen an deene leschte Joerzéngte jo scho vill gelidden huet, fir deen ofzesécheren.”

Präisexplosioun am Energieberäich méiglech

D’Aberuffe vun enger Stoltripartite hätt een als wesentleche Schratt a Richtung vun enger nationaler Tripartite gesinn, esou den LSAP-Deputéierten. An de leschte Wochen hätt sech gewisen, datt een an enger “Polykris” wier.

“Krich am Noen Osten, mat all deem wat se ka bewierken, d'Präisexplosioun am Energieberäich, ënner anerem.”

Dobäi kéim déi méi héich Aarbechtslosegkeet an ënner anerem d’Wunnengsbaukris, esou den Oppositiounsdeputéierten.

Keng "decidéiert Delokaliséierung"

Den Aarbechtsminister Marc Spautz huet drop higewisen, datt de Stolproduzent ArcelorMittal géif analyséieren, wat mat 1.150 vun den Aarbechtsplazen hei am Land géif geschéien: Dat wier awer keng “decidéiert Delokaliséierung”.

De Kaderaccord LUX2025 fir déi Lëtzebuerger Stolindustrie wier bis Enn Mäerz verlängert ginn, an zënter dem leschten Oktober géife Verhandlunge lafen, fir bis Enn vun dësem Mount een neien Accord ze erreechen.

“Et muss een déi Verhandlungen, déi d'Sozialpartner mateneen hunn, déi och begleet gi vum Ministère du Travail a vum Ministère de l'Economie, déi ofwaarden. A wann et do zu engem Accord kënnt, da wäert deen och nach Enn dëses Mounts ënnerschriwwe ginn.”

Dowéinst wier d’Regierung der Meenung, datt et net de Moment wier, eng Stoltripartite anzeberuffen.

play_arrow Lauschteren