arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Gemengepersonal wier iwwerlaascht, dofir kéim et zu Systemproblemer, esou d'FGFC

Gewerkschaft

|
reading time

1 min

D'Gemengepersonal wier iwwerlaascht, dofir kéim et zu Systemproblemer, esou d'FGFC

D‘Gewerkschaft vum Gemengepersonal mécht sech Suergen iwwer d‘Zukunft vum kommunale Secteur. Dee géif lues a lues verdréchnen, schreift d‘FGFC an engem Communiqué.

reading time

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

D‘Gemengenservicer géifen op e strukturelle Kipppunkt duersteieren: D'Gemengepersonal wier iwwerbelaascht an dat géif ëmmer méi zu engem Systemproblem ginn. 

Vill oppe Plaze bleiwen onbesat

Ee grousse Problem wier, datt méi wéi zwee Drëttel vun de Salariéen am Gemengesecteur net méi de Status vun engem Gemengefonctionnaire oder -employé hunn.

Dobäi kéim, datt d‘Gemenge keng Fachleit méi géife fannen. Vill oppe Plaze kéinten net besat ginn.

Kloer politesch Entscheedunge gi gefuerdert

Op der anerer Säit awer géifen ëmmer méi Ufuerderungen un d‘Gemenge gestallt ginn. Dat alles hätt Konsequenze fir d‘Bierger:innen, d‘Gemengen an de Wirtschaftsstanduert, esou d‘FGFC.

D‘Gemengegewerkschaft fuerdert dofir kloer politesch Decisiounen.