arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Kollektivvertrag fir Salariéë vum Staat

National

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Neie Kollektivvertrag fir Salariéë vum Staat

Déi 2.500 Salariéë vum Staat kréien en neie Kollektivvertrag. Betraff sinn zum Beispill d‘Mataarbechter vun de Ponts & Chaussées, d’Botzpersonal oder d’Bëschaarbechter. Hir Aarbechtskonditioune, Rechter a Salairë géifen elo substantiell verbessert ginn, esou den zoustännege Minister Serge Wilmes.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Pierre Reyland
(Foto: Pierre Reyland)

Hir Aarbechtskonditioune, Rechter a Salairë géifen elo substantiell verbessert ginn, huet de Minister fir d‘Fonction Publique Serge Wilmes bei der Signature vum neie Kollektivvertrag betount.

OGBL lueft Aart a Weis vun de Verhandlungen

Zwee Joer laang huet d‘Regierung mat de Gewerkschaften OGBL an LCGB fir dësen neie Kollektivvertrag verhandelt. Béid Säiten hunn op der Pressekonferenz betount, datt den Dialog hei ganz gutt fonctionéiert hätt. Dozou den OGBL-Zentralsekretär Alain Rolling.

"Et war Sozialdialog, wéi ee sech e virstellt a wéi e soll sinn. Dat ass ganz wichteg ze betounen. Well mir liewen hei an enger Gesellschaft, wou net ëmmer een deem aneren nolauschtert."

Serge Wilmes: "Jidderee kritt eppes bäi"

D‘Salariéeë vum Staat – oder, wéi de Minister Serge Wilmes sot, d‘Aarbechter an Aarbechterinne vum Staat,  géifen all essentiel Aarbecht leeschten, an et wier wichteg, dat unzeerkennen.

Mam neie Kollektivvertrag gëtt just nach eng eenzeg Salaires-Grille agefouert (virdru gouf et der zwou). Dat géif méi Kloerheet schafen. Ageféiert ginn och nei Primme fir Poste mat héijem Risiko a Responsabilitéit, an d’Méiglechkeet vun Deelzäitaarbecht wärend zwee Joer, fir méi Zäit mat de Kanner ze verbréngen. Substantiell Verbesserunge géif et och bei de Salaire ginn, esou nach de Serge Wilmes.

 "Jidderee kritt eppes bäi. Mee verschiddener kréien e bësse méi bäi, well se reklasséiert gi sinn... well hir Aarbecht och aneschters unerkannt gëtt."

Kontrakt leeft op dräi Joer

De Käschtepunkt vum neie Kollektivvertrag läit bei 12,55 Millioun Euro. Den Alain Rolling vum OGBL huet dat begréisst.

 "Ech mengen et ass eis gelongen, dass wierklech all Mataarbechter an Mataarbechterin beim Staat sech elo an deenen neie Lounkategorieë rëmfënnt a souguer anstänneg fir hire Beruff, fir deeglech Aarbecht remuneréiert ginn, wat ganz wichteg ass."

Dee neie Kollektivvertrag fir d‘Salariée vum Staat trëtt den 1. Mee - also um Dag vun der Aarbecht – a Kraaft, a leeft fir dräi Joer.

 

 

play_arrow Lauschteren