Et kéint keen Zoufall sinn, wann den Aarbechtsminister an d'Sozialministesch ënner anerem mat widderspréchlechen Aussoen an unilateralen Entscheedunge fir Konfusioun an Onverständnis an den Dossiere Pensiounen, Krankekeess, Sonndesaarbecht a Kollektivvertragswiese géife suergen. Esou wéilte si d‘Leit gewollt veronsécheren, fir hir elo schonn decidéiert Reformen ëmzesetzen, ouni datt d'Schwäche vum Sozialmodell, déi doduerch entsteet, ze opfälleg wier.