Radioen

On air

Notturno  |  Devendra Banhart - Love Song

play_arrow Live
search

/ LSAP kritiséiert d'Virgoe vum Georges Mischo am Dossier Caritas

Caritas

LSAP kritiséiert d'Virgoe vum Georges Mischo am Dossier Caritas

Am Dossier Caritas gouf et gëschter um Donneschdeg vill Kritik vun der LSAP, virun allem un der Regierung. D’Fraktiounspresidentin Taina Bofferding sot, et wier een an der absurder Situatioun, datt ee vun de leschte Piliere vum CSV-Staat vun der CSV a vum Äerzbistum géif ofgewéckelt ginn. An d’Sozialiste géife sech froen, ob et net anescht hätt kënne goen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Eric Ewald

An der Caritas-Affär wiere systematesch falsch Choixe getraff ginn, an de Krisemanagement wier dee falsche gewiescht, esou d'LSAP.

Responsabilitéite kënnen net einfach ignoréiert ginn

De Premier Luc Frieden hätt d’Affär zur Chefsaach deklaréiert, wier awer of-, a spéit nees opgedaucht, huet d’LSAP-Fraktiounscheffin gemengt. Iwwerdeems de Kardinol Jean-Claude Hollerich seng Hänn an Onschold wäsche wéilt. Fir d’Taina Bofferding kéint sech d’Regierung allerdéngs net aus der Verantwortung zéien,

“D’Asblen an d’Fondatiounen iwwerhuele fir de Staat Dag fir Dag ganz wichteg, essenziell Servicer. De Staat profitéiert ganz kloer dovun, dass en iwwert dëse Wee Servicer soustraitéiere kann. An do kann een net einfach hei seng Responsabilitéit ignoréieren.”

De viregten Aarbechtsminister Georges Engel vermësst iwwerdeems an dësem Dossier säin Nofollger Georges Mischo. Et wier quasi Satire, datt dee virgëschter net an eng Sëtzung vu 7 Chamberkommissiounen zur Caritas koum.

“Souguer wann een net invitéiert war, huet hie gelies, dass et ëm Aarbechtsrecht géif goen, dass d’Aarbechtskommissioun och invitéiert wier, an dann ass et u sech fir mech ganz normal, dass een da freet, fir kënnen do an där Kommissioun dobäi ze sinn.”

LSAP fuerdert Asetze vu Spezialkommissioun

Och fir de Franz Fayot huet et um politesche Wëlle gefeelt, déi international Aktivitéite vun der Caritas an de Plaidoyer politique weiderzeféieren. Dobäi hätt dee Plaidoyer zur DNA vun der Caritas gehéiert.

“De Plaidoyer, dat war eng systeemesch Kritik, fir ze soen: Och am räiche Lëtzebuerg gëtt et aarm Leit.”

Dem Ex-Kooperatiounsminister no feelt dës Stëmm elo.

En Donneschde wäert d’LSAP am Kader vun enger Caritas-Aktualitéitsstonn an der Chamber d’Asetze vun enger Spezialkommissioun fuerderen, huet d’Taina Bofferding nach betount. Déi ganz Oppositioun am Parlament wier sech op deem Punkt eens, mee d’Positioun vun CSV an DP wier nach onkloer. “Et wier schued, wann hei d’Spill vu Majoritéit géint Oppositioun géif gespillt ginn”, sou d’Fraktiounspresidentin, déi op Unanimitéit fir hir Resolutioun hofft.

Lauschterenplay_arrow