arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden schléisst Accord fir Zesummenaarbecht mat rumänescher Police of

BILATERAL KOLLABORATIOUN

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Léon Gloden schléisst Accord fir Zesummenaarbecht mat rumänescher Police of

Vu Mee un, sinn an der Stad an an aneren Uertschafte rumänesch a Lëtzebuerger Polizist:innen zesummen op Patrull, esou den Inneminister. Zil vum bilateralen Accord wier et, méi effikass géint “forcéiert Heescherei” virzegoen.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
Den Cătălin Marian Predoiu an de Léon Gloden zu Bréissel | © European Union
Den Cătălin Marian Predoiu an de Léon Gloden zu Bréissel (Foto: European Union)

Lëtzebuerg ass sech mat Rumänien eens ginn iwwert eng Zesummenaarbecht vun der Police fir géint de Mënschenhandel an organiséiert Kriminalitéit virzegoen.

Den Inneminister Léon Gloden huet deen Accord haut mam rumäneschen Inneminister Cătălin Marian Predoiu zu Bréissel ënnerschriwwen.

Dem CSV-Minister no, geet et ënner anerem drëm, géint déi sougenannte forcéiert Heescherei virzegoen. Dat wier eng Forme vu Kriminalitéit, déi schwéier ze poursuivéieren ass, well d’Affer dacks net kollaboréieren oder well et eng Kombinatioun vu verschiddenen Forme vun Ausbeutung gëtt.

Rumänesch Polizisten ënnert Lëtzebuerger Autoritéit

Duerch déi bilateral Zesummenaarbecht soll d’Aarbecht vun der Lëtzebuerger Police méi effikass ginn.

Den Accord gesäit vir, datt zäitweis rumänesch Polizistinnen a Polizisten zu Lëtzebuerg zesumme mat Lëtzebuerger Beamtinnen a Beamte patrulléieren, esou de Minister haut um Bord vum Inneminister-Conseil zu Bréissel am 100,7-Interview.

“Deen Accord fänkt den 1. Mee un, elo mol fir sechs Méint. E ka erneiert ginn. Dat heescht, et komme rumänesch Polizisten op Lëtzebuerg. Si maache Patrulle mat de Lëtzebuerger Polizisten an der Stad, an an aneren Uertschaften. Si stinn ënnert der Autoritéit vun de lëtzebuergesche Polizisten. Si droen och keng Waff. An et gëtt natierlech lëtzebuergescht Recht applizéiert.”

Et wier wichteg, datt Leit, déi rumänesch schwätzen, um Terrain sinn. Dernieft géing et och drëm, een Echange am Beräich vun der Cyber-Kriminalitéit an der Desinformatioun ze hunn, esou nach de Léon Gloden.

play_arrow Lauschteren