Radioen

On air

Concert  |  Kammermusek fir den Ouschterbrunch

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lescht Preparative fir d'Luxembourg Urban Garden

LUGA

Lescht Preparative fir d'Luxembourg Urban Garden

A manner wéi engem Mount, de 7. Mee, geet déi éischt temporär Gaardenausstellung an der Stad an zu Ettelbréck op: De Luxembourg Urban Garden, kuerz LUGA. Wärend 6 Méint kritt de Public déi verschiddenste Gaardeninstallatioune gewisen, déi sech mam Theema Natur an Urbanismus auserneesetzen. D'Virbereedunge lafen op Héichtouren. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

© luxembourg-city.com play_arrow
(Foto: luxembourg-city.com)

D'Ann Muller ass Coordinatrice vun der Luxembourg Urban Garden am Pafendall. Virun enger Installatioun aus dréchenen Äscht a grousse Sandsteng - déi méi no Chantier wéi Gaart ausgesäit - stellt si kloer: Dëst ass keen Disneyland.

“Mir sinn an der Natur, an de 7. Mee, wa mir opmaachen, sinn d’Gäert esou, wéi se de 7. Mee sollen ausgesinn. An da wandelen déi Gäert sech vu Mount zu Mount. Also mir stelle quasi d’Gerüst an dann hëlt dat säi fräie Laf.”

Keng Verspéidung an de Budget gëtt agehalen

Kee Chantier also, mee eng Plaz, an där d'Natur hire Wee goe kann. Am Park virun der Fondation Pescatore gesäit dat Ganzt scho bësse méi konkret aus. Eleng hei waarde schonn 9 verschidde Gäert op hire Publikum. Just tëschent den Installatioune gëtt nach bësse gehummert. Dat ass awer net weider beonrouegend, erkläert d'Ann Muller.

“Also mir sinn hei quasi fäerdeg. Dat, wat mir elo amgaange sinn ze bauen, ass dee Wee aus Holz. Mir hunn nach e Mount a jidderee weess et, awer mir sinn am Retroplaning. Bis lo - toi toi toi, ech packen Holz un - hu mir nach keng Verspéidung.”

Net nëmmen de Retroplaning schéngt opzegoen. 4 Joer ass ee schonn amgaangen d'Ausstellung ze plangen. Villes ass an där Zäit geschitt, mee virun allem awer si vill Saache méi deier ginn. D'Ann Muller ass houfreg, datt een dat net iwwer de Luxembourg Urban Garden behaapte kann.

“Mir hu vill Suen, déi mir zur Verfügung gestallt kritt hunn, fir dee Projet ëmzesetzen. Mir hunn eng Berechnung vum Budget gemaach an et ass eng déck Reserv behale ginn. Am Februar hu mir de Kassensturz gemaach an iwwerall hu mir nach Reserven an deenen eenzele Budgete vun den Departementer an am Gesamtbudget hu mir och nach Reserv.”

Datt si nach eppes an der Keess huet, léisst d'Ann Muller roueg schlofen. Och bei engem Budget vun 10 Milliounen Euro wier et am Laf vun der Ausstellung nämlech normal, datt nach déi eng oder aner Käschten ufale wäerten.

D'Erausfuerderunge vun der Stater Topographie

Wat d'Accessibilitéit vum Ausstellungsparcours ubelaangt, war d'LUGA eng Erausfuerderung: Grad well een an der Stad esou eng speziell Topographie huet, mat géien Häng a groussen Héichtenënnerscheeder, erkläert d'Ann Muller. Scho bei der Planung gouf besonnesch Wäert drop geluecht ze garantéieren, datt d'Gäert an der Stad Lëtzebuerg och fir Personnes à mobilité réduite erreechbar sinn.

“Mir hunn eng interessant Topographie hei, awer och eng Topographie, déi net einfach ass. Do hu mir mat den zoustännege Leit vun der Stad Lëtzebuerg, awer och mat Adapt an Info-Handicap am enken Austausch. Déi maachen eis och e Parcours, wou dann drop higewise gëtt: 'Passt op, hei si Steng, et ass net esou einfach mat engem Rollator oder mat enger Kannerkutsch'.”

Am Zeeche vun der Mobilitéit gouf dann och extra fir d'LUGA eng Mobilitéitsetüd an Optrag ginn. Dobäi gouf virun allem op d'Signalisatioun an d'Mobilité douce gekuckt, fir d'Autoe vun de bis zu 2 Milliounen erwaarte Visiteuren aus der Stad ze halen.

Lass geet et also wéi geplangt de 7. Mee an dann huet een Zäit bis de 17. Oktober fir déi sëllege Gaardeninstallatiounen an hirem Wandel duerch d'Saisonen nozekucken.  

Den 11. Mee geet et offiziell och zu Ettelbréck lass. Dat mat Ausstellungen, déi sech virun allem mat der Landwirtschaft auserneesetzen.

Lauschterenplay_arrow