De Benoît Martiny war immens frou fir a Groussbritannien opzetrieden.
Dat sollt och schonn d‘lescht Joer geschéien, mee hien an seng Band sinn deemools zu Calais net duerch déi brittesch Grenzkontroll komm, well déi néideg Pabeiere gefeelt hunn.
Dëst ass ee Problem, dee säit dem Brexit méi oft virkënnt, well d‘Arees fir Kënschtler:innen a Museker:inne vill méi komplizéiert ginn ass.
Inspiréiert vu britescher 60er a 70er Rockmusek
De Benoît Martiny, dee Batterie spillt, seng Saxophonisten de Jasper van Damme an de Joao Driessen, an och de Bassist Sandor Kem an de Gittarist Frank Jonas hunn et des Kéier all ouni Problemer duerch d‘Grenzkontrolle gepackt.
Datt de Benoît Martiny esou gären a Groussbritannie kënnt, huet och seng Grënn. Seng Band gëtt zwar dacks als Jazz Grupp beschriwwen, mee d‘Influenze vu brittesche Rock-Legenden aus de 60er a 70er Joren ass net ze verkennen.
“Eis Musek ass esou inspiréiert vun englesche Rock a Psychedeleschen an och Jazz Rock Bands aus de 70er Joren, esou wei Soft Machine, Gong, awer och Pink Floyd, Led Zeppelin, King Crimson - dat sinn alles englesch Bands. Mir sinn immens inspiréiert dovun, d‘Musek ass immens influenzéiert dovun an dat ass ee vun de Grënn datt mir hei sinn - fir mol ze kucke wéi eis Musek dann hei géif ukommen.”
Viru ronn 12 Joer haten si um Manchester Jazz Festival gespillt. An deemools waren si nervös, sot hien.
“Mir hate wärend dem Concert bëssen Angscht, datt d‘Leit soen, ‚oh dat do, mir kennen dat alles, se kopéiere just ons Musek, oder wat och ëmmer. Mee nee, se haten et immens gutt fonnt. Säitdeem wollte mir et ëmmer eng Kéier maachen, mee ech hunn et ni wierklech ugegraff.”
Déi éischt Etapp vun der Tour war zu Lincoln, am Norde vun England, wou hire Concert ausverkaaft war. Et war quasi de perfekten Tour-Optakt.
D‘Leit hu gesot kommt rëm, anytime. Also d‘Leit schéngen sech hei wierklech ze engagéieren. Wann et hinne gefält, da soen si dat och.
De Concert zu London ass fir ee Member vun der Band en Heemspill. De Saxophonist Joao Driessen, deen zwar elo scho bal 20 Joer zu Amsterdam lieft, ass net wäit vum Folklore, de klenge Concertssall am Oste vu London, opgewuess.
"Net fir d'Suen"
Zu London huet sech an där Zäit awer vill verännert an der Musekszeen, seet hien.
“Right before I moved to Amsteram, I was playing all over and here were a lot of youth bands that were active. I think that is a little less snow. But having said that, I am really grateful that we can play here and that Benoît was able to work this one out.”
Finanziell ass dat Ganzt ëmmer ee Risiko. De Benoît Martiny ass frou, datt hie vu Kultur:LX Ënnerstëtzung krut, mee vill Benefice wäert hie selwer net maachen.
“Ech bezuele meng Band, ech selwer wäert näischt maachen. Ech muss och nach sécherlech eppes bäileeën, och mat Subsiden. Et ass well mir dat ëmmer eng Kéier wollte maachen an mol eng Kéier kucken, wéi ass et wa mir an England spillen. Intresséiert dat iergendeen? An wa mir dann elo den Androck hunn dat intresséiert een da wëlle mir natierlech kucken an Zukunft zeréckzekommen awer villäicht e puer besser Dealer ze fannen, villäicht ee Festival an esou Saachen. Mee jo, fir Suen ze verdéngen si mir definitiv net hei.”
Dofir ass et och eng Éier fir a Groussbritannie kënnen ze spillen, seet hien. Beim englesche Publique gutt unzekommen, dat bedeit him vill.
“Well d‘Englänner hu schonn e Filter. Si hunn alles schonn héieren a jidderee koum duerch England. An déi aneren Europäesch Länner, déi ginn och England no. Dat heescht wann een hei op Intressi stéisst, dann ass dat schonn awer e Kompliment fir seng Musek, denken ech.”
Mat dëser Tour feiert d‘Benoît Martiny Band hiren 20. Gebuertsdag.
“Dat fillt sech gutt un. Mir sinn op engem gudde Punkt, et ass ee gudde Gebuertsdagscadeau fir ons an England ze kommen. Mir denken am Fong den nächsten Album opzehuelen, e Studio Album erëm. Jo et fillt sech ganz gutt un – bëssen al, mee gutt awer.”
Um Concert zu London hunn d‘Museker allerdéngs ganz frësch gewierkt. D‘Band ass immens openeen agespillt an si klenge live méi rockeg, wei een sech villäicht fir eng Jazz Rock Band erwaart. Beim Public ass dat Ganzt jiddefalls immens gutt komm.
Wien d’Benoît Martiny Band live zu Lëtzebuerg wëll gesinn, dee kann dat den 19. Juli um Blues'n Jazz Rallye maachen.