arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liichtathleetik-WM: Van der Weken qualifizéiert sech souverän fir d'Halleffinal

Sport

|
reading time

1 min

Liichtathleetik-WM: Van der Weken qualifizéiert sech souverän fir d'Halleffinal

Bei der Hale-Liichtathleetik Weltmeeschterschaft zu Torun a Polen huet d'Lëtzebuergerin Patrizia van der Weken sech iwwer 60 Meter souverän fir d'Halleffinal qualifizéiert. Dat Ganzt an enger Zäit vu 7 Sekonnen a 14 Honnertstel. D'Halleffinall ass den Owend um 20:14 Auer.

reading time

1 min

© picture alliance / ATP photo agency | AFLO
(Foto: picture alliance / ATP photo agency | AFLO)

Net manner wéi eng Medail ass fir déi 26-Joer al Lëtzebuergesch Leeferin d'Zil. Eng méiglech Final wier den Owend um 21:20 Auer.

Vera Bertemes-Hoffmann net méi mat dobäi

D'Vera Bertemes-Hoffmann war gëschter am fréien Owend an de Serien iwwert 1.500m éliminéiert ginn. D’Lëtzebuergerin gouf an där éischter Serie déi 7. vun 8 Leeferinnen an huet sech domat net fir d’Final qualifizéiere kënnen.