Radioen

On air

Notturno  |  Juan Wauters - Nube Negra Feat. Y La Bamba

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Los Bitchos um Out of The Crowd Festival

Musek

Los Bitchos um Out of The Crowd Festival

Si si 4 Fraen aus verschiddenen Ecker vun der Welt, déi sech zu London zesumme fonnt hu fir ganz eklektischen a psychedelischen Rock ze man. Et geet rieds vu Los Bitchos, déi dëse Weekend um Out of The Crowd spillen. D’Claire Barthelemy huet mat der Lead-Guitaristin geschwat.

auto_stories

4 min

headphones

4 min

Lod Bitchos | © Tom Mitchell play_arrow
Lod Bitchos (Foto: Tom Mitchell)

Seelen héiert ee Gruppen déi sou vill verschidde kulturell Aflëss matenee vermësche wéi d’Los Bitchos. D’Augustina Ruiz ass aus dem Uruguay a spillt Keyboard, d’Schwedin Josefine Jonsson spillt Bass an d’Nic Crawshaw, eng Brittin, setzt op der Batterie. Hir Lidder schreift d’Guitaristin Serra Petale, si ass aus Australien an huet och tierkesch Wuerzelen. D’Musek déi si spillen ass eng Aart psychedelesche Surf Rock mat Rhythmen aus dem latäinamerikanesche Cumbia an awer och mat Undeitung un de Mëttleren Osten. An dat ganz kléngt immens liicht an och zimmlech rockeg.

D‘Serra Petale sot emol, si wéilt Musek maachen, déi no Van Halen a Cocteau Twins kléngt, awer an enger tierkescher Versioun. Fir Museker fir sou ee Projet ze fannen, ass London an och Groussbritannien, déi richteg Plaz.

"It’s such a culturally and musically rich - I’d say the whole country... There is s much talent in the United Kingdom, everywhere, not just London."

Si ass selwer och immens intresséiert u verschiddene Genrë vu Musek. Zemools hir Reesen an d’Tierkei huet d’Australierin immens agepräägt.

"There's so much out there, You know! there's so much more than your little bubble of music that you like to listen to. Back in the 90s, what I would listen to on the radio was what I knew. So it was really really lucky that I was able to travel because of my family heritage."

Déi eege Musek montert op

Wann ee live Concerte vu Los Bitchos kuckt, fält engem direkt op, wéi vill Spaass d’Musekerinnen hunn. Wéi wichteg ass Frëndschaft an hirer Band?

"Oh, it’s everything. I think it's everything but I mean, you know, I hope that's conveyed in the actual recordings, but I think one of the main things for us is our live show, and what keeps us going is how much fun we have together."

D'Musek vu Los Bitchos mécht net nëmmen dem Public Spaass. D’Gittaristin fillt sech vun hirer eegener Musek opgemontert, wann et op Tour vläicht eemol net sou einfach ass.

"It's not always easy to go on and put a face on. But the fact that the music itself is very enjoyable to play, it is so much fun, it makes you feel good to do it and to listen to it."

Keng Fans vum Brexit

Zënter Groussbritannien d’EU verlooss huet, si brittesch Gruppen déi an Europa toure mat immens vill Paperassë geplot. D’Serra ass kee Fan vum Brexit.

"Every time we travel to Europe, we have to fill out this stupid carnet, which is in my opinion the biggest waste of time known to men. There is no point to it, it’s an abomination that it happened."

Ass et dann awer nach derwäert, fir an Europa ze touren?

"Of course, of course, we’re not gonna let anything like that get us down, we’re really resilient. And that’s just the way it is. We don’t like it, we don’t agree with it, but we’re just going to continue. Because the worst thing you can do is stop your life and stop doing what you’re doing."

Musek als Stäip

Grad an dësen onstabillen Zäite ka Musek nämlech hëllefen, fënnt d’Sarra.

"Because it feels really xenophobic right now everything in my opinion people are scared of other people or people are scared of other people coming from somewhere else you know and I think this is a nice way to show that we can all just find some common at least something on the musical level. It’s just something that's a bit nice, you know, with all the other horrendous things going on in the world."

Si stellen op dëser Tour hiren zweeten Album "Talkie Talkie" vir. Deen ass e bësse méi vun den 80er Joren ugehaucht wéi säi Virgänger, d’Lidder sinn och méi ausgeschafft a méi glat produzéiert. Déi vill verschidde kulturell Aflëss an d’latäinamerikanesch Rhythme sinn awer nach ëmmer dobäi. An natierlech fillt sech dat Ganzt nach ëmmer richteg sonneg un.

Wat kënnen d’Leit sech da vun hirem Concert an der Kufa erwaarden?

"It’s gonna be a whole bunch of fun. You’re gonna expect some energy, you’re gonna expect some laughs, you’re gonna expect plenty of guitar solos, bass solos, drum solo, synthesiser solos. It’s just a laugh, it’s fun!"

Dëse sonnege Spaass kënnt der zu Esch selwer materliewen.

Lauschterenplay_arrow